Kënschtler mam Theater- an Danzpräis geéiert
E Freideg den Owend war déi 2. Editioun vum de Lëtzebuerger Theaterpräisser a vum Danzpräis.
Et gouf zeréck gekuckt op déi leschten zwee Joer Theaterproduktiounen an aacht Kategorië goufen ausgezeechent. Dorënner natierlech och de groussen nationalen Theaterpräis. D’Theaterzeen huet laang op dëse Präis, deen de Kulturministère 2021 a Liewe geruff huet, gewaart.
D’Jury huet sech iwwert déi leschten zwee Joer ëm déi 140 Stécker ugekuckt. Bei dëser 2. Editioun sinn och schonn direkt e puer Ännerunge mat dobäi, dräi néi Präisser goufen an d’Liewe geruff. E Präis fir dat beschte Stéck a fir dat beschte Schauspill op der Bün, souwéi eng ganz nei Kategorie fir de Kanner- a Jugendtheater.
Den Timo Wagener krut fir säi Rôle an "Songe d’une nuit" vum Miriam Muller de Präis als beschten Nowuesstalent.
Och dëst Joer gouf et erëm eng Éierung fir e Liewenswierk. Dat ass dann un d’Schauspillerin a fréier Direktesch vum Theater du Centaure, Marja-Leena Junker, gaangen. Di kuckt op eng Karriär vun iwwert 40 Joer zeréck.
Den nächsten Theater- an Danzpräis ass da genee an zwee Joer, 2025.