An den USA si sech d'Dréibuchauteure mat de Filmstudioen an de Streaming-Ubidder no fënnef Méint Streik virleefeg eens ginn.

D'Gewerkschaft WGA schwätzt vun enger "aussergewéinlecher" Léisung, Detailer goufen awer keng genannt. Et handelt sech deemno ëm e grondsätzlechen Accord, deen nach emol ofgestëmmt muss ginn.

Iwwer 11.000 Dréibuchauteure waren Ufank Mee an de Streik getrueden. Hir Fuerderungen: méi Pai, besser Aarbechtskonditiounen, méi finanziell Hëllefe wéi Krankeversécherung an eng Pensioun. Ma och den Asaz vu Kënschtlecher Intelligenz (KI) misst gereegelt ginn.

E puer Deeg laang souze WGA-Vertrieder a Vertrieder vun der Alliance of Motion Picture and Televisoun Producers/AMPTP um Verhandlungsdësch. Dat fir eng éischte Kéier zanter ville Woche Streik. Bei de Gespréicher sollen och den Disney-Chef Bob Iger an de Firmechef Davis Zaslav vu Warner Bros. Discovery dobäi gewiescht sinn. Wéi gesot, Detailer zu der Eenegung gouf et keng. D'WGA huet awer nach kloer gestallt, dass bis zur finaler Ofstëmmung weidergestreikt gëtt.

Ronn 160.000 Membere vun der Schauspillergewerkschaft SAG-AFTRA hate sech den Auteure mat änleche Fuerderungen ugeschloss. Do sinn d'Fronten tëscht Produzenten a Gewerkschaft awer weiderhi verhäert, zanter dem Streik am Juli gouf et nach keng Gespréicher.

Dësen éischten Duebelstreik vun Acteuren an Dréibuchauteuren an den USA zanter iwwer 60 Joer huet Hollywood zum Stëllstand bruecht. Et goufe quasi keng Filmer oder Serië méi gedréint. Streikbedéngt dierfen d'Acteuren och keng Reklamm fir hir Filmer maachen. Filmstarte goufe verréckelt an och d'Saison vun de Präisverdeelungen ass betraff. Déi weltwäit renomméiert Emmys, déi am September sollte verdeelt ginn, sinn elo op Januar 2024 gesat ginn.