Et ass déi zweete Fuelbox Ausstellung fir dëst Joer. No Réimech notzen d’Kënschtler vum Kollektiv elo zu Hollerech eng grouss Hal.

Iwwer 80 Artisten, stellen des Kéier aus. All Medie si vertrueden. D’Konzept an d’Iddi vun der Expo bléiwen déi selwecht: hei gëtt Konscht an engem onkonventionelle Kader ausgestallt. D’Yvette Rischette ass selwer Kënschtlerin an huet déi éischte Fuelbox 2016 zu Stroossen mat an d’Liewe geruff. Bei dëser 8. Editioun stinn de Kënschtler iwwert 75.000 m2 zur Verfügung. No 7 Joer kann ee soen, datt sech sou munches geännert huet. Et kommen ëmmer méi Artisten dobäi, och aus dem Ausland. Esou entsteet e flotten Echange mat de Kënschtler, déi scho vun Ufank u mat dobäi sinn.

De Laurent Turping  gehéiert zu den Organisateuren. Bei dëser Editioun konnt de Sculpteur, deen am Holz a mat der Motorsee schafft, sech sou richteg entfalen.  An dëser grousser Hal hat hie genuch Plaz, fir seng riseg Skulpturen déi deels direkt an de Bamstamm sculptéiert sinn, ze placéieren.

Wann een duerch d'Ausstellung geet, entdeckt e vill nei a jonk Kënschtler, ma och bekannte Gesiichter aus der Konscht-Zeen sinn ëmmer erëm mat dobäi , wéi de Jean Claude Salvi. Him gefält besonnesch den Austausch mat den aner Artisten an Entwécklung vun der Austellungsplaz, vum éidele Raum bis zur färdeger Expo.

A wéi bei all de Fuelbox-Expoen ass och hei erëm den Entrée gratis, an nach dëse Weekend vun Donneschdes bis Sonndes an de Weekend drop, kann ee sech d’Expo an der rue d’Alsace ukucken.