Musikalesch Traditiounen am Mëttelpunkt an der Abtei Neimënster
An der Abtei Neimenster gouf e Samschdeg de Mëtteg gedanzt a gesongen. Dat Ganzt encadréiert vun Orchester an Haaupesch-Bléiser.
Dëst Joer stinn ënnert anerem eis musikalesch Traditiounen am Mëttelpunkt vun de Journées du Patrimoine. Zum Patrimoine immatériel gehéieren nämlech, nieft Oktav, Schueberfouer a Sprangpressessioun, och Lëtzebuerger Volleksdänz a Lidder vu fréier.
Eise Patrimoine immatériel gëtt ewell geschützt, duerch Europa, de Kulturministère a virun allem duerch déi, déi en hautesdags nach liewen. Jo, et gi Forainen, jo, et ginn Dréchemaueren, jo, et gëtt eng Oktav an eng Sprangpressessioun! A jo, et ginn och Lëtzebuerger Volleksdänz, an déi wieren, well ee bei engem eenzege Partner bleift, och anescht ewéi déi an anere Länner.
An och Kiermesse gëtt et nach, déi grouss um Glacis an awer och där op den Dierfer an an de Quartieren, mat hirem Hämmelsmarsch.
2024 feiert d'Lëtzebuerger Lidderuucht hire 40. Mat Bicher an, andeems ee si ka fir Fester buchen, versiche si, dëse Patrimoine um Liewen ze halen. Et brauch een dofir méi, wéi e Kulturministère oder esou en offiziellen Dag, mee esou séier verschwannen Traditiounen dann awer net.