D'DJ-Serie ass erëm do! Lass geet et mam Joé Verougstraete, an der Zeen besser bekannt als "Chazo".

Säi Parcours mat der Musek huet u sech net hannert dem Mëschpult ugefaangen, mä um Piano. "Mat 11 Joer krut ech mäin éischte Piano vu mengen Eltere geschenkt", erënnert de Joé sech. "Dat war menger Mamm hire gréisste Wonsch: Piano kënnen ze spillen. An dunn hunn ech ugefaangen ze léieren, Piano ze spillen."

RTL
Hannert dem Mëschpult: Chazo
"Mat 11 Joer krut ech mäin éischte Piano vu mengen Eltere geschenkt."

Vue dass hien d'Theorie net wierklech kannt huet - "ech ka bis haut keng Noute liesen" - hat hien ufanks e bësse Schwieregkeeten, huet sech awer mat der Zäit ëmmer méi wuel hannert den Taste gefillt. Vum Piano hannert d'Mëschpult war u sech keng geplangten Transitioun. "Ech lauschtere Musek vun alle Genren a wollt ëmmer d'Leit zum Danze bréngen. Do huet d'DJ-Pult sech gutt dofir ugebueden."

DJ Serie - Chazo

Zanterhier huet den Chazo sech ëmmer méi an d'DJe verdéift, ass reegelméisseg bei Eventer vum Ultraschall Collective dobäi an huet schonn an der Mesa Verde, Tunnel Disco, a Mirador opgeluecht. Trotzdeem consideréiert hie sech nach als "Newcomer" an der Zeen. "Ech géif gären iwwer dat nächst Joer ufänken, ze produzéieren, mä dofir muss ech den techneschen Aspekt vum Opleeë richteg beherrschen", sou den Chazo. "Ech muss emol 'à l'aise' si mat mengen Transitiounen, ouni de Kontakt mam Public ze verléieren, an doru schaffen ech den Ament nach. Den nächste Schrëtt ass et dann, ze produzéieren."

Hannert dem Mëschpult: Chazo
Säi Parcours mat der Musek huet um Piano ugefaangen.

Méi aktuell Informatiounen zum Chazo ginn et hei.