1848 - Wann d'Vergaangenheet bis an d'Zukunft reecht
Am Kader vun "Das Blaue Sofa" am Institut Pierre Werner presentéiert de Christopher Clark säi Wierk "Frühling der Revolution".
Eng Couche, en Auteur bzw. eng Autorin an e Publik. Dat ass d’Rezept vum Format "Das Blaue Sofa". E Format dat sech iwwert d'Jore virun allem op gréisser Buchmessen, ewéi déi vu Frankfurt oder Leipzig, en Numm gemaach huet.
Ma et kënnt och vir, datt sech d’Format ausserhalb vun dësen Evenementer eraustraut an op de Publik zoukënnt - an dat och zu Lëtzebuerg. D’lescht Joer war "Das Blaue Sofa" an der Nationalbibliothéik zu Besuch. Eng Renconter, déi dëst Joer am Institut Pierre Werner sollt widderholl ginn, an dat mat guddem Grond: 175 Joer Constitutioun.
E ronne Gebuertsdag, deen d'Nationalarchiv am Kader vun der Ausstellung "1848 – Revolutioun zu Lëtzebuerg" éiert. 1848 war a ganz Europa Onrou um Programm. Eng prägend Period, déi a literareschen an historesche Kreesser vill Tënt lafe gelooss huet. Ënnert anerem huet de Christopher Clark dëst Joer säi Buch "Revolutionary Spring" oder "Frühling der Revolution" verëffentlecht. En Zoufall, deen ze schéin ass, fir en sech entgoen ze loossen. Kee Wonner also, datt den australeschen Historiker, Professer an Auteur invitéiert gouf, fir dëst Joer zu Lëtzebuerg op der bloer Couche Plaz ze huelen.