Am Lëtzebuerg City Musée an am Ratskeller gëtt eist Iessen a wéi mer domadder ëmginn ënnert d'Lupp geholl.

Vegetarier iesse kee Fleesch, streng Veganer keng Produiten déi vum Déier stamen. Judden a Moslemen zéien de Schlussstréch beim Schwéngefleesch. Kanner hu generell eng Preferenz fir Nuddelen a Gromperen.

Eist Iessen an eis Iessgewunnechten sinn esou eenzegaarteg wéi mer selwer. Ma ass et moralesch Vertrietbar dass am räiche Westen iessen ewechgeheit gëtt wärend an anere Länner d’Leit un Honger leiden ? A wéi kann eis Äerd an Zukunft 10 Milliarde Mënschen ernären ? An hirer neister Expo ALL YOU CAN EAT beliicht Lëtzebuerg City Musée déi komplex Relatioun tëscht Mënsch an Iessen a sicht Äntwerten op dës Froen.

De Mënsch ass haut wäit ewech vum Jeeër a Sammler deen e fréier mol war, a mer sinn dat eenzegt Liewewiesen op eisem Planéit dat Agrikultur an Ziichtung bedreift. De Lëtzebuerger ësst bis zu 80 kg Fleesch d’Joer. Eng enorm Quantitéit. Ouni dat ze verdäiwele wëll de Curateur Mohamed Hamdi awer op d’Konsequenze vun dëser Iwwerconsommatioun opmierksam maachen. Dat ass Fleesch dat aus Massentierhaltung staamt. Dat ass natierlech immens schiedlech wat d’Ëmwelt ugeet. Eis Aart a Weis Fleesch ze produzéieren huet en Enjeu dee wäit iwwert eisen Teller eraus geet esou de Curateur.

Net just d’Produktioun vun eise Liewensmëttel huet sech mat de Joerhonnerte verännert, och d’Kiche bei eis Doheem ass haut net déi selwecht wéi fréier : Eng Revolutioun an der Kichen ass natierlech de Frigo. Et konnt een d’Liewensmëttel méi laang stockéieren. Et huet een net missen all Dag bei de Klengwuerenhändler akafe goe mee et ass een du mam Auto an de Supermarché gaangen an et huet een e Groussakaf fir eng Woch oder zwou gemaach erkläert de Mohamed Hamdi.

Haut kaum virstellbar mee nach an de 60er Joren hate just 42% vun de Lëtzebuerger Stied e Frigo an der Kiche stoen. D’Ausstellung stellt ëmmer erëm op eng gelongen Aart a Weis d’Polaritéit tëscht gesond an ongesond, ze vill an ze wéineg duer. Um Schluss vun der Ausstellung wot de Curateur och e Bléck an d’Zukunft, behält de Passé awer dobäi ëmmer am Aen :

Mueden an Insekte kann een effektiv iessen. A ganz ville Kulturen uechter d’Welt gëtt dat scho säit Joerhonnerte praktizéiert. Eng kleng Anekdote : Och an eise Géigende sinn Insekte virun ongeféier 100 Joer giess ginn. Do gouf et Maikäfer déi sech immens rapid vermehrt hunn a fir déi lass ze ginn huet een se zu Zopp veraarbecht. Dat heescht Insekten iessen ass och an eise Regiounen am Fong näischt Neits seet den Mohamed Hamdi.

De Musée huet an der flotter Expositioun parallel eng flott Visitt fir Kanner integréiert. De Maskottchen vum Musée de Mupp Mil erkläert de Kanner um Wee duerch Ausstellung wou Gromperekichelcher hierkommen an wéi se hiergestallt ginn.

RTL

Eng komplementar Ausstellung am Ratskeller
Wärend de Musée d’Relatioun tëscht Mënsch an Iesse wëssenschaftlech opgräift huelen 8 Artisten an enger komplementärer Expo am Ratskeller eng aner Approche a ginn op eng kënschtleresch Aart a Weis op dat komplext Thema an. An der Ausstellung am Gebäi vum Cercle Cité presentéiere Kënschtler aus der Groussregioun hier Wierker. Fotoen, Videoen, Tableauen, a plastësch Konschtwierker beliichte kritësch d'Thema vun der Ernährung an der Verschwendung wéieng Roll d'Iessen an d'Gedrénks an eiser Gesellschaft huet.

RTL

D’Ausstellung Hors d’Oeuvre am Cercle Cité geet nach bis den 21. Januar 2024. De Pendant Lëtzebuerg City Musée ass nach bis de 14. Juli d’nächst Joer fir de Public op.

Déi zwou Expositiounen si begleet vun Visitten, Atelieren, a Konferenzen. Den Detail vum Programm fannt der hei.