"Sweet Dreams" kritt 40 Joer: Den Dave Stewart am Interview

© Dave Stewart Archives
RTL huet mam Dave Stewart vun Eurythmics geschwat. Et goung Rieds iwwer "Sweet Dreams", deem Lidd säin Eegeliewen an de Concert am Atelier.
Fir de 40. Anniversaire vum Ultrahit "Sweet Dreams (Are Made of This) huet den Dave Stewart eng Tour op d'Bee gestallt mat enger richteger Show rondrëm déi vill Ouerwierm vu senger bekanntester Co-Kreatioun, an dat ouni dat anert Gesiicht vun der Band, d'Sängerin Annie Lennox.
Ee vun de Grënn, fir dat Ganzt ze maachen, sou den Dave Stewart am Interview, wier, datt hien am Lockdown gemierkt huet, datt hie sech zwar am Studio vergruewe konnt, fir ee Musical ze schreiwen, mee datt een iwwer Video-Call wéinst dem "Lag" schlecht ka Musek maachen an ophuelen an datt him Live-Musek an d'Spille vu Concerte gefeelt hunn.
No der Lockdown-Zäit wiere Leit bei hie komm, "Sweet Dreams" géing 40 Joer kréien. Seng Reaktioun wier "Fuck it", ("Da maache mer dat elo") gewiescht. D'Iddi vun der Songbook Show wier zwar scho viru Covid gebuer, ma sollt op alle Fall eng richteg Show ginn an net just e Concert. "Ganz stiliséiert, wéi mir et deemools waren, wéi de Bowie, vun engem Genre bei deen nächsten, vun elektronescher Musek bis bei Soul, mir ware Pop-Figuren. Et war och ganz emotionell, well mir ware jo och virdrun zesummen als Koppel."
Do ass den Elefant am Raum: D'Annie Lennox ass net mat derbäi: "D'Annie wollt net méi touren, ëmmer ronderëm d'Welt, och wéinst der Famill (...) dowéinst wollt ech et elo net "Eurythmics" nennen ouni d'Annie, dunn hunn ech et eben "Eurythmics Songbook" genannt."
Sweet
Wat "Sweet Dreams" selwer ugeet, ass et ee Song, deen den Dave Stewart säi Liewe laang begleet huet: "D'Leit kommen ëmmer bei mech an erziele mer, wéi al se waren, wéi se dat Lidd fir d'éischt héieren hunn. Obschonn et ee Lidd voller Angscht ass, spillen d'Leit et ëmmer op Partyen, wou se sech ameséieren, si interpretéieren et eben anescht, sou ass et jo mat alle Lidder".

© Dave Stewart Archives
De Wee vum Dave Stewart bis bei "Eurythmics" an doriwwer eraus
Den Dave Stewart, opgewuess an enger räicher Famill, war um Ufank vu senger Carrière an de 70er Joren an enger Folk-Rock-Grupp "Longdancer", déi war zwar op dem Elton John sengem Label war, mee ni grouss erauskoum.
Enn 1976 huet hien d'Annie Lennox kennegeléiert, si waren eng Koppel, dunn och eng Band fir d'éischt ënner dem Numm "The Catch", duerno "The Tourists". 1979 war et och en éischten klengen Hit mat enger Reprise vum Dusty Springfield "I Only Want to Be with You".
Obschonn si keng Koppel méi sinn, decidéiere Stewart-Lennox awer weiderzeschaffen an nach eng drëtt Band ze grënnen. Den Numm "Eurythmics" ass eng Uspillung op d'Léier vun der Rhythmescher Erzéiung vum Émile Jaques-Dalcroze vun 1911, eng Zort Musikalesch Gymnastik. D'Annie Lennox hat déi an hirer Kandheet kennegeléiert.
No engem éischten Album "In the Garden", dee sech nëmme mëttelméisseg verkaf huet, an op deem Kollaboratioune mat Membere vu Can, DAF a Blondie waren, ass et am Joer 1983, wou alles sech fir déi Zwee wäert veränneren:
Den zweeten Album "Sweet Dreams (Are Made of This)" geet international duerch de Plaffong an ass an der Dauerrotatioun op MTV. Den drëtten Album bréngt "Who's that Girl" an "Here Comes The Rain Again". 1984 ass et de Soundtrack vun der Filmadaptatioun vum Orwell sengem 1984 an den Tube "Sexcrime".
Rain
1985 geet et méi a Richtung Soul mat enger Plack mat Duoe mam Aretha Franklin ("Sisters Are Doin’ It for Themselves") a mam Elvis Costello. Den eenzegen Nummer 1-Hit op der Insel ass mam Song "There Must Be an Angel (Playing with My Heart"), op deem de Stevie Wonder Mondharmonika spillt,
1989 gouf de Projet no enger Rei Placke mat manner kommerziellem Erfolleg op Äis geluecht. 1999 gouf nach eng Kéier zesummegeschafft. 2009 da sot d'Annie Lennox, datt et keng weider nei Reformatioun wäert ginn. De Stewart sengersäits huet awer gemengt, datt d'Eurythmics sech ni opgeléist hunn.
Angel
Fir seng zweet Fra, déi fréier Deel vu" Bananarama" war, Siobhan Fahey, huet de Stewart där hire Solo-Projet "Shakespears Sister" produzéiert.
Den Dave Stewart huet awer och scho fréi mat enger Solo-Carrière ugefaangen, zum Beispill mat Musek fir de Soundtrack vum hollännesche Film "Lily was here" zesumme mat der Saxophonistin Candy Dulfer, wat 1989 och en Hit war. Mat sengem leschte Solo-Album vun 2022 dem autobiographeschen "Ebony Mcqueen"huet hie seng Jugendjoren an de Moment, wou hie sech an de Blues an de Rock verléift huet, op 26 deels epeschen Tracks verschafft.
Sisters
Als Produzent oder Songwriter fir aner Artisten huet den Dave Stewart iwwer d'Jore mat Bob Dylan, Mick Jagger, Bob Geldof, Tom Petty, Bon Jovi, Brian Ferry, Nina Hagen, mee och Katy Perry, Sinead O’Connor, Aretha Franklin oder 2008 mam Ringo Starr kollaboréiert.
