Faarwefrou Landschaften mat sënnlechen Elementer an eng immersiv Entdeckung vu engem Schwaarz-Wäiss-Univers.

Apokalypse a Landschaften am Casino
Faarwefrou Landschaften mat sënnlechen Elementer an eng immersiv Entdeckung vu engem Schwaarz-Wäiss-Univers.

D‘Tessa Perutz verschafft an hire Wierker organesch Matière wéi Sand a Lavendel, déi fir hir heelend an transformativ Wierkung bekannt sinn. "How to Map the Infinite" ass awer net just e Spill mat sënnlechen Elementer, ma och mat Referenzen un déi europäesch Konschtgeschicht.

Beim Spadséieren duerch déi abstrakt ugehauchte Landschafte gëtt een ëmmer nees u Wierker vu grousse Kënschtler wéi dem Corbusier oder dem Monet erënnert.

RTL

Ee Stack méi héich daucht een an d‘Schwaarz-Wäiss-Welt vum Jérôme Zonder an. Vum Buedem bis un de Plaffong entdeckt een hei déi verschiddenst Zeechentechniken a Motiver. Mat Grafitstëft a Kuel hannerfreet dee franséische Kënschtler net just d‘Praxis vun der Zeechnung, ma och d‘Iddi vum Portrait. D‘Ausstellung "Joyeuse Apocalypse!" beschäftegt sech  mat deem fiktive Personnage Pierre François.

RTL

D'Ausstellung geet nach bis den 07.01.2024 am Casino.