Um Freideg den Owend konnt sech de 25 Joer alen Educateur vun Déifferdeng an de sougenannten "Teamfights" en Hotseat sécheren.

De Joel, dee mer Iech dës Woch en engem Portrait am Magazin virgestallt hunn, gouf als leschte Kandidat vun dëser Sendung vu senge Coache Bill an Tom Kaulitz an d'Course geschéckt a konnt sech géint de Simon vum Team vum Ronan Keating duerchsetzen an esou op engem vun de véier Hotseats Plaz huelen a sech dësen och sécheren. Ugetruede war de Lëtzebuerger Sänger mam Litt "Leave a Light on" vum Tom Walker.