Konschtprojet vum Pascal Woestelandt wëll en Zeeche fir de Fridde setzen
Eng perfekt Welt op klenge Plättercher op enger ukrainescher Fresk. Kanner, déi laachen, Friddensdauwen a Leit, déi sech trotz Géigesätz un den Hänn halen.
Et ass eng Welt, wéi Kanner sech se géife wënschen. Där Meenung ass de Pascal Woestelandt. Kanner wéilte kee Krich. An awer geschitt grad dat an der Ukrain oder och a Palästina. Hien ass vu Beruff Kënschtler, schafft schonn 30 Joer mat Kanner zesummen a wëll duerch dëse Projet een Zeeche setzen: Fir de Fridden, géint de Krich.
Dofir reest hie mat sengem mobillen Atelier duerch Europa. Ugefaangen huet dat Ganzt mat Kanner an der Ukrain. Den Ausléiser fir hie war, wéi hien héieren hat, dass eng Schoul an der Ukrain bombardéiert gouf: “Pour moi c’est inconcevable. Si j’en fais d’en parler. Ça me fait... On ne peut par bombarder une école. C’est un lieu de culture dans certains pays, on a interdit aux petites filles d’aller aux écoles. Si on démolit une seule école, c’est la porte ouverte à tout.”
Et si Jonker bis 20 Joer a Kanner vu véier Joer un, déi sech bis elo am Wierk veréiwegt hunn. Iwwer 150 verschidde Nationalitéiten waren dobäi an 1.700 Kanner insgesamt. D'Ines, dat 8 Joer al ass a vu spuenescher Nationalitéit, Kanner aus der Ukrain, déi sech mat Lëtzebuerger Kanner zesumme molen oder awer ee palästinensescht Meedchen, dat aus Angscht, et kéint bestrooft gi fir seng Konscht an de Message, deen dohannert stécht, net mam Numm ënnerschriwwen huet.
All Plack ass eng Geschicht, all Geschicht eng Persoun. An awer ass de Message iwwerall de selwechten: Fridden. Esou einfach an dach esou komplizéiert.
Mat sengem Projet huet hien et souguer schonn eng Kéier an déi ukrainesch Noriichte gepackt. Säi Jong, de Florian LeGrand, hat hie bei senger Aarbecht gefilmt.
Zu Lëtzebuerg sinn et virun allem Schoulklassen oder och Maison-relaisen, déi um Projet matgemaach hunn. De Pascal Woestelandt weist an erkläert gären, wat bis elo gemaach gouf. Ob eng einfach Zeechnung an d’Keramik geritzt oder awer komplex Wierker iwwert e puer Plättercher verdeelt. Et gëtt scho villes ze kucken an nach ass net alles drop. Vill Plättercher vun de Lëtzebuerger Kanner kommen elo nach dobäi. D'Ausstellung kann een nach ee Mount an der Gemeng Jonglënster kucke goen, ier si weider reest. Och wann an der Gemeng aktuell keng Ateliere méi geplangt sinn, wär de Pascal Woestelandt bereet och nach déi nächst Zäit mat sengem mobillen Atelier a Schoulen a Maison-relaisen ze goen.