1. Concert vun der Saison 23/24 an der Philharmonie
2020 huet d’Corinna Niemeyer d’Funktioune vun der Directrice artistique a Chefdirigent iwwerholl.
Si versicht neie Wand an d’Programmatioun ze bréngen, fir dass den OCL seng Plaz an der Lëtzebuerger Kulturzeen behaapte kann. De Concert an der Salle de musique de chambre vun der Philharmonie war ausverkaaft . D’Museker vum Orchestre de Chambre du Luxembourg passe grad nach sou just op d’Bün. E bëssen enk war et schonn. Mee dat huet dem musikalesche Spektakel net geschuet. D’Programmatioun vum OCL ass ganz breet opgestallt, mat vill Akzenter op Lëtzebuerger Musek a Museker.
Mozart and friends: 2 bekannte Wierker vum Wolfgang Amadeus Mozart waren encadréiert vu Wierker vun engem spueneschen Komponist, engem Komponist aus der Guadeloupe an engem schwedesche Museker
Dee weidere Programm vum OCL bitt ënnert anerem e Rendezvous mat der Mumm Séiss, mam Anne Faber beim Kachen a mat enger Lëtzebuerger Operette: An der Schwämm.