Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg war dëse Sonndeg och nees déi beléiften RTL-Dictée zu Walfer am groussen Zelt nieft dem Centre Prince Henri.

Scho fir déi 28. Kéier huet RTL d'Leit dozou opgeruff, hir Sproochekenntnisser op d'Prouf ze stellen. Matschreiwe konnt een tëscht 10 an 12 Auer op 3 Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch an op Franséisch.

De Spaass steet natierlech am Vierdergrond, ma den Challenge ass da schonn, déi mannste Feeler ze hunn, respektiv ze gewannen. Déi Bescht an den eenzele Sproochen dierfe sech iwwert e flotte Kaddo freeën.

Hutt Dir d'Diktater matgeschriwwen? Liest no, wéi vill Feeler Dir gemaach hutt.

Dictée op Lëtzebuergesch

Verzielt, verwielt

Wann den Algorithmus aus dem Rhythmus kënnt, kréien d’Rhetoriker Rheuma an d’Etymologen drénke Rumm/Rhum. Well dann huet déi lous KI näischt Besseres ze dinn, ewéi Fakenews zum Beschten ze ginn. Esoubal hir Donnéeën nämlech e Biais hunn, sinn hir Resultater gären ze wäiss, ze al, ze männlech, vläicht misogyn oder verwielegt, iergendwéi toxesch oder tockskäppeg. De Plakkapp aus dem Oste géif sech freeën, nondiflätsch, dee mam Widderbuuscht am Weste laacht sech eng Boss, herrjeeminee. Géifen/Géife se dach alle béid nëmmen den Diks geriicht kréien a wéi sou munch aner gelicht ginn, déi vulleparlamentwierdeg/vulleparlament-wierdeg/Vulleparlament-wierdeg/ vulle-parlament-wierdeg/ Vulle-Parlament-wierdeg Kreaturen.

Dat éissegt Gedicht staamt vum Dicks, deem säin zweehonnertste Gebuertsdag mer 2023 celebréiert/zelebréiert an iwwerdeems eng nei Chamber gewielt hunn. E sëllege Kandidaten a Kandidatinne kruten dobäi eng ferm/Ferm gedikst. Wann s de se gesinn häss! D'Billjeeë ware schëtzeg gepëtzt an d’Portefeuillë matzäite/mat Zäite verdeelt. Wéi fannt Dir dat? Sidd roueg kriddeleg!

vum Luc Marteling

Resultater vun der lëtzebuergescher Dictée

1. Plaz: Alain WAGNER (5 Feeler)
2. Plaz: Marie-Thérèse HULTEN-NIMAX (8 Feeler)
3. Plaz: Jil LEYDER & Marie-Line MULLER (10 Feeler ex aequo)

Bei de Promien huet d'Jackie MESSERICH (6 Feeler) am beschten ofgeschnidden.

Diktat auf Deutsch

Die Tomografie (Tomographie) von KI

Unsere Welt ist ein Quäntchen asymmetrisch geworden, denn die Symbiose zwischen den Spezies ist gestört. Die Ressourcen sind nicht zuallerletzt die triftige Quelle jedweder misanthropischen Quengelei. Daneben existieren Antisemitismus, Apartheid, Fake-News und Schwurbeleien, weswegen mannigfach Menschen in Ekstase rotsehen. Eine neue Lesart der Welt sollte unseren Sprösslingen zugutekommen, damit aus so einem kleinen Steppke standardmäßig ein hehrer Mann wird. Einst spielte man mit dem Hula-Hoop-Reifen (Hula-Hopp-Reifen), aber mitsamt den Handys haben auch die Influencer überhandgenommen. Man muss die Algorithmen von KI nicht allzu gernhaben, aber sich damit auch nicht zu schwertun. Nichtsdestotrotz ist ein Dissens allerorts gang und gäbe. Unsere Plackerei darf jedoch niemand infrage stellen (in Frage stellen), denn wir sind zeit unseres Daseins dabei gewesen. So versuchen wir die brillante Maschinerie der Welt am Laufen zu halten, damit die Annullierung der Konflikte vonstattengehen kann, wenn wir unverhohlen die Brezel klarmachen.

vum Roland Schumacher

Resultater vun der däitscher Dictée

1. Plaz: Christiane HUBERTY (4 Feeler)
2. Plaz: Alain WAGNER (6 Feeler)
3. Plaz: Nathalie MAILLIET (7 Feeler)

Dictée en Français

Lorsque le baron Pierre de Coubertin initia en mille huit cent quatre-vingt-quatorze la renaissance des Jeux olympiques, son objectif affiché était de promouvoir les valeurs incarnées par l’olympisme : rencontre paisible de la jeunesse du monde entier pour se mesurer dans des compétitions sportives et culturelles franc-jeu. Rapidement, les villes organisatrices ont pris conscience des opportunités que cet événement quadriennal a comportées. Dès lors, les villes candidates à l’organisation rivalisaient par l’investissement de sommes faramineuses, la construction d’infrastructures sportives de prestige, parfois abandonnées après les Jeux, car inadaptées aux besoins des sportifs autochtones, laissant ainsi certaines villes criblées de dettes.

Nos voisins français ont relevé le défi d’éviter cette course au gigantisme et le fiasco financier sans renoncer à l’aubaine de mettre en valeur les attraits de Paris.

Suffira-t-il d’utiliser en priorité les installations sportives existantes et de choisir la Seine comme scène pour la cérémonie d’ouverture sans la cloîtrer dans un stade aussi majestueux soit-il ? La sécurité pourra-t-elle être assurée, notamment par des drones équipés au mieux ?

vum Jean-Claude Frisch

Resultater vun der franséischer Dictée

1. Plaz: Tania HERMAN & Alain WAGNER (0 Feeler ex aequo)
3. Plaz: Christiane HUBERTY (2 Feeler)

Resultater vun deenen 3 Sproochen zesummen

1. Plaz: Alain WAGNER (11 Feeler)
2. Plaz: Christiane HUBERTY (18 Feeler)
3. Plaz: Marie-Line MULLER & Marianne PISSINGER & Jos MAILLIET (26 Feeler ex aequo)

SMS-Dictée

Am Kader vun der RTL-Dictée hate mir d'Leit leschten Donneschdeg opgeruff, bei enger SMS-Dictée op RTL Radio Lëtzebuerg matzemaachen.