Dëse Weekend um Site vum Stade Prince Henri zu Walfer
D'Editioun 2023 steet ënner dem Motto "D'Welt zielen, d'Welt liesen" - "Dire le monde, lire le monde"
Zënter 1995 sinn d'Walfer Bicherdeeg e feste Bestanddeel vum kulturelle Kalenner zu Lëtzebuerg. Och dëst Joer waarden nees eng 175 Stänn op Äre Besuch.
Professionell Exposanten, déi an der Hal 2 hir nei Bicher virstellen, d'Hal 1, wou een an de legendären "Banannekëschten" sou munche Schaz entdecke kann, an natierlech "Books for Kids" an der Hal 3. Dobäi kënnt och dëst Joer nees d'Aussebün, de Café Littéraire an der Mëtt vun der Hal 2, d'RTL-Dictée um Sonnden, Liesungen an der Maison Dufaing, e Food Village, eng Kaffisstuff, an nach Villes méi!
Nodeems d’Stänn um Samschdeg Owend zougemaach haten, hunn an der Kaffisstuff 3 Auteuren aus hire bis elo onverëffentlechte Wierker virgelies a sech de Froe vun der Jeanne E.Glesener (Literaturprofessorin op der Uni Lëtzebuerg) an dem Public am Sall gestallt. “Word in Progress” heescht dat Evenement, dat normalerweis an der Escher Kulturfabrik ofgehale gëtt, an dat extra fir d’Bicherdeeg op Walfer verluecht gi war. An déi Leit, déi sech nom Enn vum eigentlechen Dagesprogramm nach an der Kaffisstuff afonnt haten, goufen net enttäuscht! De Robbie Martzen, d’Wendy Winn an den James Leader konnte mat hiren, ganz ënnerschiddlechen , Texter (Travelogue, Gedichter a Roman) hir Nolauschterer begeeschteren!
Weider Informatiounen um Site vun de Walfer Bicherdeeg: