En intensiivt a facettëräicht Stéck, an Zeen gesat vum Myriam Müller

© RTL Archivbild
De Schott Steve Harrower ass ee vun de bekanntste britteschen Theater-Auteuren.
Säi Stéck "Blackbird" gëtt lo am Téâtre du Centaure opgefouert, dat de 25., 26., 28., 29. an 30. November souwéi den 1. Dezember. An den Haaptrolle sinn d'Jil Devresse an de Jules Werner, bekannt aus Capitani.
Blackbird erzielt d'Geschicht vum Una, enger jonker Fra an den 20er, déi no 15 Joer e Mann opsicht, mat deem si eng Bezéiung hat an dee si wëll en zu Rieds stellen. Si hat deemools 12 Joer an de Mann 40. Mëssbrauch ass u sech dat éischt Wuert, wat dem Spectateur an de Kapp kënnt. Ma esou kloer ass et dann awer net an et weess ee bis zum Schluss net, firwat ee sech soll entscheeden: Ofleenen oder Versteesdemech hunn.
A genee deen Hin an Hier mécht d'Theaterstéck Blackbird esou spannend, "en erausfuerderend Stéck", wéi d'Myriam Müller op der Antenn bei de Kolleege vun RTL Today confirméiert huet. Et ass souwuel schwiereg wéi och kontrovers, well et am Stéck ëm zwou Stëmme gëtt: déi vum jonke Meedchen an déi vum Täter. D'Stéck hëlleft, ze verstoen, wéi en Täter denkt a funktionéiert, wéi si hir Muecht benotzen, fir ze manipuléieren. Et wäert hëllefen, weider Generatioune vu jonke Fraen ze beaflossen a sech vläicht net méi esou manipuléieren ze loossen, sou nach d'Myriam Müller.
D'Stéck ass op Englesch inzeenéiert, et ass een deemno beim Original bliwwen. Méi Detailer fënnt een u Site vum Theater.