Déi aktuell Editioun vum Projet weist de Plateau a säi Wandel aus der Perspektiv vum Christian Aschman.

Schonn zanter méi 15 Joer gëtt de Fonds Kirchberg reegelméisseg etabléierten zäitgenëssesche Fotografen den Optrag, déi urban an déi architektonesch Entwécklung vum Kierchbierg ze dokumentéieren.

"Kirchberg 2022 / 2023" heescht dem Christian Aschman säi Projet, deen den Ament am LUCA, dem Luxembourg Center for Architecture ze gesinn ass.

E ganzt Joer laang huet de Fotograf Christian Aschman, ekipéiert mat engem 50 mm Objektiv, de Plateau Kierchbierg duerchwandert, op der Sich no ganz neie Bléckwénkelen. A méi wéi 50 Fotosessions huet de Fotograf iwwer 200 Momentopname geknipst, déi vun der Geschicht, ma och vun der Zukunft vum Kierchbierg erzielen.

Fir seng Kompositiounen huet de Christian Aschman mat de graphesche Linnen, Formen a Liichtverhältnesser gespillt, déi déi urban Landschaft vum Kierchbierg ze bidden huet. Virop d‘Vuë vun de Gebaier erof an aus de Gebaier eraus weisen de Plateau Kierchbierg, wéi en engem als Foussgänger verbuerge bleift.

D‘Zesummenaarbecht mat Fotografe wéi dem Christian Aschman erlaabt et dem Fong Kierchbierg, d‘Evolutioun vum Quartier ze dokumentéieren a nei Reflexiounen iwwer d'Stadplanung ze féieren.

D‘Expo am LUCA leeft nach bis den 3. Februar 2024.

Déi ganz Bandbreet vum Christian Aschman senger dokumentarescher Aarbecht weist d'Buch "Kirchberg 2022 / 2023 – Christian Aschman", dat een an der Librairie Ernster kafe kann.