D'Véronique Nosbaum séngt zanter hirer Kandheet. Schonn deemools huet hir Bom hir eng Karriär als Operesängerin virausgesot. A si sollt Recht behalen...

D'Véronique huet als Sopranistin an Italien an an der Belsch geschafft, an huet Tournéeën duerch ganz Europa gemaach. Si spillt Piano a war Solistin an Opere vum Mozart, Purcell oder och Monteverdi. D'Bün ass hir Aarbechtsplaz. "De Gesank erméiglecht mir wierklech fir mech auszedrécken. Sou wéi e Ventil fir alles wat een net ka soen am Liewen. All Emotioun, déi een net ka liewen. Et ass e bësse wéi d'Schauspiller. Dat geet op d'Bün, dat kann een ausliewen."
Haut schafft d'Véronique haaptsächlech zu Lëtzebuerg. Aktuell preparéiert si e Spektakel, deen am Februar am Escher Theater virgeféiert gëtt. Eng Mëschung tëscht Theater an Oper.

Geprouft gëtt ënnert anerem mat der Schauspillerin Nora Koenig: "Mam Véronique hunn ech einfach d'Impressioun, dass Schauspill a Gesank schnell beienee kommen. Mir leien op enger kënschtlerescher Ebene wou mir eis verstinn. Mir kommen aus ganz verschiddene Beräicher. Fir mäi Gefill ass dat ëmmer schéin, well ech komme mat enger Iddi, an d'Véronique kënnt dann nach mat enger Iddi, an op eng Kéier hu mir sou ee ganz groussen Univers geschaf. An dat beräichert einfach extrem."

Wa si net u kënschtleresche Projete schafft, gëtt d'Véronique ronn 20 Schüler zu Ettelbréck an an der Stad Coursen am lyreschen a barocke Gesank. E Beräich, dee si besonnesch begeeschtert. Nieft Dictioun, an Otem- a Gesangstechniken, bréngt d'Véronique hire Schüler bäi wéi een Emotiounen duerch Stëmm a Kierper vermëttelt. Oder och wéi ee musikalesch Wierker emotional an dramatesch interpretéiere kann. "Ech mengen et muss ee bal sou vill Methoden hu wéi ee Schüler huet", esou d'Véronique Nosbaum. Ma dat wichtegst wier et Spaass ze hunn.

D'Véroniqe Nosbaum ass awer net just Operesängerin a Gesanksproff. Zäitgenëssesch Konscht ass eng weider grouss Passioun. Nodeems si an enger Galerie zu Paräis geschafft huet, huet si 2001 decidéiert mat hirem Mann Alex Reding eng eege Galerie an der Stad opzemaachen, méi genee um Fëschmaart.

Ma och zu Bréissel huet d'Koppel zanter zwee Joer eng Galerie. Si genéisst et, tëscht deene verschiddene kreative Welten ze pendelen: "Schonn eleng mat der Oper, dat ass e Beräich, deen net nëmmen un d'Musek geet. E geet och un d'Bünebild, e geet och un den Theater, un den Text – et ass scho souwisou eppes wat u méi Kënscht zesumme geet. An ech mengen et ass ganz wichteg fir mech, dass ech net eppes maache wou ech mech op eemol agespaart fillen an engem Genre, an enger Epoque."

D'Véronique léisst sech vun hirer Sensibilitéit a Spontanitéit leeden, déi se duerch hir Stëmm, hire Kierper, d'Oper oder zäitgenëssesch Konscht ausdréckt. Zu Lëtzebuerg oder a ganz Europa.