Als "Psychomagier" gëtt de Kult-Regisseur gefeiert, ma eckt awer och mol ellen un. Mam Salvador Dali huet de 94 Joer ale Chileen sech ganz gutt verstanen.

Mat senge bal 95 Joer ass den Regisseur aus dem Chile ëmmer nach extrem aktiv a bréngt och elo nach Filmer eraus oder weist sech, op seng gewinnten dacks dadaistesch Manéier och emol op senge Profiller vun de Sozialen Netwierker. Bekannt ass hien awer virun allem wéinst sengen deels epochalen, transzendentalen, "trippy" a surrealistesche Filmer aus de 70er an 80er bekannt. Heizou gehéiere Meeschterwierker wéi "Holy Mountain", "Santa Sangre" oder "El Topo".

Mat "El Topo" beispillsweis, krit de Spectateur e sougenannten "Acid Western" presentéiert, eppes dat et virum Jodorowsky nach net gouf. Wéi den Numm et seet, e Western op Drogen - spirituell, dann nees anarchesch, brutal an trashy, an dann nees spirituell a surreal. Ufanks konnten d'Leit näischt domadder ufänken a war wierklech just eppes fir richteg Fans vu Kino, Konscht a Surrealismus, dorënner Leit wéi de Kënschtler Salvador Dali oder de Beatles-Member John Lennon. Mëttlerweil si seng Filmer Kult an net méi aus der Kinosgeschicht ewechzedenken.

Wéi gutt kenns du dech mam Alejandro Jodorowsky a senge Filmer aus? Test däi Wëssen a probéier all Fro richteg ze beäntwerten.