A senger neier Ausstellung presentéiert de Lëtzebuerger Moler Wierker, déi hien an de leschte Jore kreéiert, mä net ëmmer ofgeschloss huet.

De Lëtzebuerger Moler Roland Schauls lieft a schafft zënter 1974 zu Stuttgart. Den Ament huet hien eng Eenzelausstellung an der Galerie Reuter Bausch an der Stad. Fir de Moler ass et eng nei Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Galerie an deemno och wichteg, de Lien mat Lëtzebuerg bäizebehalen. "Nouvelles Fantaisies", esou heescht déi nei Ausstellung vum Lëtzebuerger Moler Roland Schauls. Wierker, déi hien an de leschte 5 bis 6 Joer kreéiert huet, ma déi awer dofir net ëmmer direkt ofgeschloss sinn. De Moler bleift an engem Prozess an iwwerschafft dann och emol fäerdeg Wierker nach eng Kéier.

De Roland Schauls wëll keng konkret Geschichten erzielen a léisst dem Betruechter domat vill Fräiraum fir Interpretatiounen.

Alles, wat de Kënschtler mécht, déngt eleng der Molerei. Fir de Roland Schauls ass d’Molerei en Zesummespill vu Kompositioun, Faarf an Dynamik mat Referenzen un d’Konschtgeschicht. Sou wéi den Titel vun der Ausstellung "Nouvelles Fantaisies" moolt de Roland Schauls aus senger Imaginatioun.

Déi nei Zesummenaarbecht mat der Galerie Reuter Bausch mécht dann och, datt seng Stammclientë sech mat deene vun der Galerie vermëschen an esou eng nei Symbios kann entstoen. D’Ausstellung ass nach bis den 23. Dezember ze gesinn.