D’Claudia Passeri hëlt eis mat op eng Rees duerch Geschicht an Zäit. An zwar zu Roum...

Déi gebierteg Escher Kënschtlerin kennt déi italienesch Haaptstad wéi hir Boxentäsch. Si huet net nëmmen do studéiert, ma ass och haut nach regelméisseg zu Roum. Eng Stad, wou ee quasi hannert all Eck eng historesch oder architektonesch Attraktioun fënnt.

Fir d’Claudia ass se virun allem eng Energie- an Inspiratiounsquell. Si schaaft nämlech zäitgenëssesch Konschtwierker, aus de verschiddenste Materialien, déi en Deel vum ëffentleche Raum ginn. 2003 huet si zu Roum hir éischt Installatioun gemaach. Hir neitste Kreatioun si Keramiktelleren mat italieneschen a franséische Spréch drop: “Modesta Moderna” an “Sous le haut patronage de nous-mêmes”.

“An där heiter Aarbecht entdecken ech och, dass ech grad sou vill vu Lëtzebuerg inspiréiert si wéi vun Italien. Dat heescht hei hunn ech e Saz, deen eigentlech zu Lëtzebuerg entstanen ass, an op enger italienescher Keramik ass. Ech mierken, dass ech duerch déi duebel Identitéit meng Aarbecht konstant beräicheren.”

D’Claudia weist eis eng weider Inspiratiounsquell, net wäit ewech vum artistesche Quartier Pigneto. Et ass eng Mauer laanscht d’Strooss – bedeckt vu sougenannten Ex-Votoen. Inschriften, déi der Jongfra Maria Merci soe fir d’Erhéiere vu Gebieder. Dacks ze liesen: PGR. Pour la Grâce Reçue. D’Claudia ass zwar net gleeweg, huet dës Buschtawen awer an engem monumentale Konschtwierk integréiert, wat haut nach um Plateau Saint-Esprit um Belval ze gesinn ass.

“De PGR um Belval ass eigentlech meng Manéier fir den Aarbechter vun der Sidérurgie a vun de Minne Merci ze soen, fir dat wat se fir d’Land gemaach hunn. An un d’Äerd, déi ebe jorelaang exploitéiert ginn ass.”

Eng vun hire Liiblingsplazen zu Roum ass d’Villa Medici. Net nëmmen huet ee vun do aus eng vun de schéinste Vuen iwwer d’Stad, ma dës Villa, an där d’Famill Medici gewunnt huet, spillt eng wichteg Roll an der Kultur. 1803 huet de Napoleon Bonaparte se kaf an déi Franséisch Akademie zu Roum dran installéiert. Och haut nach ass d’Villa Medici eng franséisch Institutioun a soll d’Kreatioun vun zäitgenëssescher Konscht fërderen.

“Ech hat scho Kollegen, déi d’Chance haten fir hei Residenten ze sinn an een oder méi Joer hei ze verbréngen. Et ass einfach erstaunlech ze gesinn, wéi sou ee prestigiéisen an apaarte Lieu – ech mengen et ass eng vun deene wichtegste Renaissance-Villaen zu Roum – wéi déi dann fir d’Kënschtler a fir d’Recherche zur Verfügung gestallt gëtt.”

D’Claudia fënnt hiren artisteschen Equiliber tëscht den zwou Kulturen an zwee Länner. Kreativitéit ouni Grenzen – wuertwiertlech.