Et war eng gutt Geleeënheet e Réckbléck op d’Produktiounen aus de leschten Joren ze maachen.

Gläichzäiteg gouf awer och de Moment genotzt, fir iwwer d’Identitéit vum Kaleidoskop Theater ze schwätzen an an engems an d'Zukunft ze kucken.

"Ech hoffen datt mir an engem Joer do stoe kënnen a soen datt e Roulement do ass. An dann hu mir jo awer en Theater op enger Plaz déi dezentraliséiert ass. En Theater zu Lëtzebuerg deen seng Plaz soll fannen an der Landschaft." (Jean-Paul Maes am Interview 2013)

An de Kaleidoskop Theater huet seng Plaz an der Lëtzebuerger Theaterlandschaft fonnt. 2013 huet de Jean-Paul Maes de Kaleidoskop gegrënnt an der Iddi e Kreatiounstheater ze ginn. Zënter deem sinn an de leschten 10 Joer zu Beetebuerg souwuel international Klassiker wéi och Lëtzebuergesch Literatur gespillt ginn.

Jean-Paul Maes – Kaleidoskop Theater: "Deemools wou de Marc Olinger net méi am Kapuzinertheater war, ass domat e Produktiounstheater ewech gefall, och wann en elo gottseidank erëm do ass bei de Stater Theateren. An op der anerer Säit sinn ëmmer méi jonk Lëtzebuerger Artisten zréck heihi komm di eng professionell Ausbildung haten. Dann war d’Nofro, menger Meenung no, och méi grouss Theaterstécker ze spillen déi mat eis, also mat Lëtzebuerg ze dinn hunn."

Eppes wat de Kaleidoskop sécherlech am leschte Joerzéngt ausgemaach huet ass, datt jonk Schauspiller d’Chance krute sech hei ze beweisen an och professionell encadréiert gi sinn. Dorënner och den Timo Wagner, deen hei seng Ufäng hat.

Timo Wagner – Schauspiller: "Ech war deemools am Jean-Paul Maes senger Klass am Conservatoire an hien huet mech un der Hand geholl a sot ech sollt e Stéck bei hie spille kommen. An dunn hunn ech eng Haaptroll hei an der Produktioun «Vollmondbetrachtungen» gespillt an esou huet dat alles säi Laf geholl an dowéinst huet den Theater och en immens groussen emotionale Wäert fir mech."

Claude Faber – Schauspiller a Kaleidoskop Theater: "Di Produktiounen di mir maachen, probéieren mir op en Niveau ze bréngen wou eben di jonk immens encadréiert sinn an sech wuel fillen an entwéckele kënnen an dat op engem professionellen Niveau."

Den Timo Wagner an de Claude Faber sinn elo nei um Jean-Paul Maes senger Säit fir d’Programmatioun an d’Organisatioun vum Kaleidoskop Theater mat ze iwwerhuelen.

«Den nächste Schrëtt ass et datt mir méi a Ko-Produktiounen iwwer ginn. Dass ee mat aneren Theateren oder souguer mat Kulturhaiser a Gemengen zesummeschafft fir de Kaleidoskop méi iwwer d’ganzt Land ze verdeelen.» (Timo Wagner - Schauspiller)

En Theater deen sech weider entwéckelt a wou och an Zukunft net just jonk Schauspiller eng Carte Blanche solle kréien.

Claude Faber:"Mee mir wëllen och jonke Regisseuren a Schrëftsteller d’Chance ginn sech auszetoben an dat mat der Erfarung vum Kaleidoskop Theater. An eng Zesummenarbescht ze fanne fir di nächst Joren ze gestalten. Theater ass eppes wat evoluéiert an de Kaleidoskop wëll dat. Et soll weider goen."