Jules Hoffmann: Nobelpräis-Laureat zu Lëtzebuerg

De Jules Hoffmann ë.a. fir eng Konferenz an Entrevuë mam Premier Jean-Claude Juncker a mam Héichschoul- a Fuerschungsminister François Biltgen am Land.
Déi lescht 12 Méint huet sech ganz vill am Liewe vum Jules Hoffmann gedoen, dem franséische Biolog mat Lëtzebuerger Originnen, deen 1941 zu Iechternach gebuer ass. De Wëssenschaftler krut zejoert de Medezin-Nobelpräis, dat fir seng Aarbechten iwwert déi ugebueren Immunitéit. Viru genee 3 Woche gouf de Jules Hoffmann dunn och nach an d’Académie française gewielt.
De Jules Hoffmann war ë.a. fir eng Konferenz an Entrevuë mam Premier Jean-Claude Juncker a mam Héichschoul- a Fuerschungsminister François Biltgen zu Lëtzebuerg. An deem Kader huet de 70 Joer ale Wëssenschaftler RTL Radio an Télé Lëtzebuerg en Exklusiv-Interview ginn.
Fir de Radio huet den Eric Ewald mam Nobelpräis-Laureat geschwat:
AUDIO: Den Interview mam Jules Hoffmann vum Eric Ewald.