D'Katharina Bintz ass bei der 2024er Editioun vum Filmfestival Max Ophüls-Präis zu Saarbrécken déi eenzeg Lëtzebuergesch Filmschaffend. "Souvenirs" heescht hire Kuerz-Dokumentarfilm.

E Wierk iwwert e Familljegeheimnis, dat déif an der Geschicht vu Lëtzebuerg verwuerzelt ass.

D'Katharina Bintz ass net fir d'éischt beim Saarbréckener Festival dobäi, ma "et ass déi éischte Kéier, datt ech eng Première hei feieren", ënnersträicht d'Lëtzebuergerin. "Vu datt et en Dokumentarfilm ass, kann ech net an der offizieller Kompetitioun matmaachen, dofir awer an der Saarlorlux Katégorie" (mat Filmer aus dem Saarland, der Lorraine a Lëtzebuerg)" fiert si dann duer. Sou oder sou, ass der Katherine Bintz hire Film deen eenzegen aus Lëtzebuerg an dat net fir d'éischt. Gläichzäiteg wier et och schwéier, e Film ze fannen, deen de Grand-Duché besser verkierpert ewéi Souvenirs an dat och nach op esou eng eenzegaarteg Aart a Weis
.

Souvenirs Extrait 01
En Extrait aus dem Katherine Bintz hirem Kuerzfilm deen um Max Ophüls Preis Filmfestival zu Saarbrécke virgestallt gouf.

Ugefaangen mat der Haaptroll, déi gëtt nämlech vun enger Këscht gespillt. Ma keng gewéinlech, well an där Këscht läit e Familljegeheimnis aus dem zweete Weltkrich begruewen. E Geheimnis, dat sech lues am Laf vum Film opléist an dat un Hand vun Interviewe mat de verschidde Membere vun der Realisatrice hirer Famille. Dobäi ass interessant, datt dës Persounen ni ze gesi sinn. "Ech wollt de Public op verschidden Niveauen ofhuelen. Well Stëmmen eleng eppes Intimes hunn, wollt ech d'Opmierksamkeet vum Publikum net op d'Protagonisten, ma op hier Geschichte riichten", erkläert si. Geschichten aus dem Krich, ma aus enger Perspektive, déi een nëmme rar presentéiert kritt. Der Katharina Bintz hir Virfahre waren nämlech un der Resistenz bedeelegt, "ma wou de Krich dunn eriwwer war, hu se missen nokucken ewéi, komescherweis, op eng Kéier, jidderee Resistenzler gewiescht soll sinn", erzielt si, "doduerch gouf hiert Engagement komplett onsiichtbar gemaach. Well wa jidderee Resistenzler war, war jo u sech keen et."

Souvenirs Extrait 02
En Extrait aus dem Katherine Bintz hirem Kuerzfilm deen um Max Ophüls Preis Filmfestival zu Saarbrécke virgestallt gouf.

Sou geet et der Katharina Bintz an hirem Film dorëms, "en Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht opzeschaffen an de Fokus op e Phänomen ze riichten, deen eis zwar offensichtlech schéngt awer net oft ugeschwat gëtt", nämlech d'Wäisswäsche vu fréiere Kollaborateuren a giele Männercher, déi sech als Resistenzler ginn hunn. Gläichzäiteg war et fir d'Regisseurin och d'Geleeënheet, sech mat der Geschicht vun hirer eegener Famill ausenaner ze setzen.

Ma d'Wierk stécht net nëmmen duerch den Inhalt eraus, ma och an der Form. Gefilmt op 16mm huet den Documentaire Allüren vun engem Vakanzefilm a schaaft doduerch eng Heemlechkeet, déi den intime Charakter vum Narrativ ënnersträicht. Dat a Kombinatioun mat der Absence vun de Protagonisten, déi een nëmmen héiert, léisst de Film éischter ewéi e Konschtwierk ewéi e klassesche Film wierken. An dat kënnt net vun ongeféier, sou d'Regisseurin: "Mäin Zil wier et, weider un dësem Thema kënnen ze schaffen an d'Recherchen ze verdéiwen. Dat Ganzt kéint een dann an engem Musée ausstellen."

D'Première vu Souvenirs dierft deemno den éischte Volet vun engem Projet sinn, deen nach net fäerdeg ass, sech mat eiser Geschicht ausenaner ze setzen a se vläicht och mat ze schreiwen.