Tëscht 35.000 a 40.000 Visiteuren zitt de Festival fir d'Migratioun, der Kultur an der Citoyennetéit all Joer un.

Chargéiert, haart a voller neier Gerëch: All Fréijoer geet et an der LuxExpo ee mol ronderëm d‘Welt. 400 Associatiounen, déi sech am Alldag ëm d'Integratioun vu Migrante an neie Kulturen beméien, rassembléiere sech fir e grousst Fest. Leit déi zanter Joerzéngten, respektiv zanter e puer Méint zu Lëtzebuerg wunnen an hiren Deel bäidroen, erkläert den Alain Randresy, Organisateur vum Festival: „Dat erlaabt et fir Treffen tëscht de verschiddenste Leit ze schafen. Aus dësen Treffen entstinn Liewensgeschichten. Déi fiddere Projeten. Déi kennen artistesch sinn, awer och zu politesche Treffen/Diskussiounen feieren. D‘Resultater aus deenen Rencontren ginn awer net just um Festival firgestallt. Déi sinn reell. Et ass d‘Réalitéit am Alldag déi dëse Festival fiddert.“

De Weekend vum 24. a 25. Februar 2024 geet et da schonns an déi 41. Ronn vum Migratiouns- a Kulturfestival. Nieft der albekannter grousser Bün mat Concerten an de Renconteren mat Diskussiounen, gëtt et dëst Joer en Open-Air Kino.

De Festival gëtt méi participativ gestallt, esou den Organisateur Alain Randresy: "Dat heescht, datt wann zum Beispill argentineschen Tango opgefouert gëtt, da kennen d'Leit sëlwer och participéieren a probéieren. D'Iddie ass iwwert déi initial Renconter erauszegoen. Eng Interaktioun ze schafen déi iwwert de Festival eraus kéint fonctionéieren."
De Festival hat a sengen éischte Joren virun allem politesch Messagen: ewéi zum Beispill d‘Fuerderung vum Walrecht fir Migranten. Ronderëm 2000 gouf de Festival ëmmer méi zum Kultur-Projet fir verschidden Nationalitéit weider a Kontakt ze bréngen. Zill: Unerkennung an Dialog schafen. "Et geet drëm ze probéieren d‘Bild dat ee vun der Migratioun huet ze deconstruéieren", esou Anita Helpiquet Chargé de direction vum CLAE, der Organisatioun déi hannert dem Festival steet. "A ville Medien an ëffentlechen Discoursen huet een eng falsch Representatioun vun der Realitéit. Et ass unhand vum direkte Kontakt, datt een dës falsch Aschätzunge verbessert."

Dëst Joer huet ee fir déi éischte Kéier Associatiounen missen ofsoen, well d'Maximal-Capacitéit vu 400 Stänn erreecht gouf. Den Interessi fir de Festival de leschte Weekend am Februar ass also esou grouss ewéi nach ni.

De komplette Programm vun der 41. Editioun vum Festival gëtt et hei!