Mat Hits wéi "Not an Addict" an "Believe" hu si an de 90er Joren dee belschen Alternativ-Rock weltwäit bekannt gemaach.

Mat Hits wéi "Not an Addict" an "Believe" hu si an de 90er Joren dee belschen Alternativ-Rock weltwäit bekannt gemaach. Rieds ass vun der Band K's Choice ëm d‘Geschwëster Sam a Gert Bettens, déi aktuell hiren 30-järege Bünejubiläum feiert.

No enger ganzer Rëtsch ausverkaafte Gebuertsdagsconcerten d'lescht Joer, ass d'Band elo am Kader vun hirer "Time is a Parasite Tour" zeréck op de Bünen – och hei zu Lëtzebuerg. En Dënschdeg den Owend hat d‘Band hir Fans am Iechternacher Trifolion begeeschtert. Als akusteschen Duo sinn de Sam - fréier bekannt als Sarah - an de Gert Bettens ugangs de 90er Joren an hir musikalesch Karriär gestart, fir duerno mat weideren wiesselende Museker als Rockband uechter déi ganz Welt ze touren.

Elo, 30 Joer an eng international Karriär méi spéit, sinn K‘s Choice an enger akustescher Trio-Konstellatioun mam Multi-Instrumentalist Tom Lodewyckx zeréck, fir zesumme mat hire Fans hire grousse Jubiläum ze feieren. En intime Kader, an deem déi éierlech Songtexter, déi harmonesch Melodien a virop déi kräfteg, waarm Stëmm vum Sam Bettens besonnesch gutt zur Geltung kommen. Eng Stëmm, déi duerch eng Geschlechtsëmwandlung mat Hormontherapie zwar méi däitscher ginn ass, dofir awer net manner eenzegaarteg.

Op hirer "Time is a Parasite Tour", weisen K‘s Choice, dass si trotz, oder grad wéinst e puer musikalesche Pausen, an 30 Joer näischt vun hirer Kreativitéit an hirem Enthusiasmus verluer hunn.

Um Mëttwoch spille K’s Choice am Centre culturel "op der Schmelz" an ausverkaaftem Haus.

Méi Detailer iwwer déi belsch Band an hire Werdegang ginn et dëse Samschdeg Owend an der Artbox