Dëst Joer ass den 100. Doudesdag vum Schrëftsteller Franz Kafka.

Pünktlech dozou präsentéiert de Kaleidoskop Theater, ënnert der Regie vum Jean-Paul Maes, eng Adaptatioun vum Kafka sengem berüümten, posthum verëffentlechte Roman "Der Prozess". E Stéck, dat am Huncherenger KulTourhaus gekonnt eng beklemmend kafkaesk Atmosphär entstoe léisst.

Den 8. Februar ass d' Première.

"Jemand musste Josef K. verleumdet haben, denn ohne dass er etwas Böses getan hätte, wurde er eines Morgens verhaftet."

Mat genee dëse Wierder fänkt dem Franz Kafka säi Roman "Der Prozess" un. Déi bizare Geschicht vum Bankemployé Josef K., dee sech, ouni ze wësse vu wiem a firwat e verklot gouf, géint eng ominéis anonym Geriichtsmuecht behaapte muss. Wat wéi e Witz kléngt, ass eng absurd Realitéit, déi de Josef K. Stéck fir Stéck aus sengem geuerdente Liewe rappt. Dat Absurd un der Geschicht ass et och, wat de Jean-Paul Maes besonnesch interesséiert huet.

Seng Adaptatioun hält sech an der Handlung, wéi och an der Sprooch no un der Virlag. Virun allem awer huet de Regisseur probéiert, sou no wéi méiglech um Josef K. ze bleiwen. Fir de Schauspiller Timo Wagner eng widderspréchlech Figur, déi net just Affer ass.

"Der Prozess" ass eng düster an absurd Geschicht mat ville Statiounen, déi den Ensemble net op enger fixer Bün, ma iwwer déi ganz Längt vum Raum erzielt.

An den Haaptrolle spillen den Timo Wagner, d'Friederike Majerczyk, den Nickel Bösenberg, de Claude Faber, de Konstantin Rommelfangen an den Tim Olrik Stöneberg.

Nach bis de 25. Februar huet een d'Geleeënheet sech dëst Stéck am KulTourhaus zu Hunchereng unzekucken.

Informatiounen zu de Spillzäiten an Tickete ginn et op kaleidoskop.lu.