Bei den Oscars soll et vun 2026 un eng nei Kategorie ginn, fir déi een de renomméierte Präis gewanne kann.

Nieft dem Fait, dass och d'Akademie sech weider entwéckelt, spille Casting-Direkteren eng zentral Roll beim Filmen an déi wéilt ee gär unerkennen, sou den Direkter vun der Oscar-Akademie Bill Kramer an d'Presidentin Janet Yang en Donneschdeg zu Los Angeles.

Et ass déi éischt nei ageféiert Kategorie bei den Oscars zanter iwwer 20 Joer.

D'Aféierung vun dëser Kategorie war schonn zanter e puer Joer gefrot ginn. Eng aner Campagne, och Stunt-Leit ze honoréieren, hat bis ewell nach kee Succès, sech duerchzesetzen.

Dëst Joer ginn d'Oscaren den 10. Mäerz verdeelt.