Dogstar ass eng kalifornesch Band, déi Enn vun den 1990er Jore bis zum Ufank vun den 2.000er Joren aktiv war.

Dës Alternativ Rock-Band vun Los Angeles war viru bal 30 Joer an der kalifornescher Musekszeen respektéiert. Weezer a Rancid haten zum Beispill hiren éischte Concert als Virgrupp vun Dogstar.

Dogstar dat sinn: De Robert Mailhouse un der Batterie, de Bret Domrome um Gesang an un der Gittar an zënterhier ganz wichteg am Buzz ronderëm dës Band, de Keanu Reeves um Bass.

D'Renommée vum Hollywood-Acteur zitt weltwäit Interessi fir d'Formatioun un, déi sech wärend der Pandemie erëm zesummegedoen a fir eng Performance um BottleRock Napa Valley Music Festival am Mee 2023 reforméiert hat.

Elo ass een Album draus ginn,"Somewhere Between the Power Lines and Palm Trees", deen am leschten Hierscht erauskoum.

Hei den Optrëtt beim Jimmy Kimmel am November zjoert:

Den 9. Juni spillt Dogstar am Stater Atelier!

RTL