Enn Januar huet d'Theater Federatioun en neie President gewielt an der Persoun vum Sascha Dahm dee soumat de Claude Mangen ofléist.

Virun him haten ënnert anerem de Philippe Noesen, Jemp Schuster oder de Serge Tonnar dëse Posten.

D'Theater Federatioun ass eng Asbl, déi 1996 an d'Liewe geruff gouf. Zil ass et d'Theater- an d'Danzzeen zu Lëtzebuerg op verschidden Niveauen ze vertrieden.

Ënnert den Initiativen, déi d'Federatioun an d'Liewe geruff huet oder déi se ënnerstëtzt, zielt een d'"Theaterfest", Lëtzebuerger Optrëtt um Festival Off vun Avignon oder den Theaterpräis.

Doriwwer eraus läit der Federatioun och d'Weiderentwécklung an d'Promotioun vun der Zeen um Häerzen. Eng Visioun déi se unhand vum Programme "Administration et diffusion du spectacle vivant" konkretiséiert.

Zu den Haiser, déi d'Theater Federatioun representéiert, gehéieren eng sëlleg Rei u Stater a privat Theateren, ewéi och weider regional a selbststänneg Theatergruppen.