Ënnert anerem wäerten d'Rock-Legenden eng Partie Datumer an Däitschland, a Frankräich an och an der Belsch spillen.

D'Hardrock-Band AC/DC wëll et wuel nees wëssen a geet dëse Summer op grouss Tour an Europa. Dat huet d'Band aus Australien e Méindeg matgedeelt. "Power Up-Tour" soll dat Ganzt heeschen a wäert tëscht Mee an August sinn, dat ënnert anerem zu Gelsenkirchen, Paräis, Stuttgart, Dessel oder Amsterdam.

De Virverkaf geet de 16. Februar lass, alleguerten d'Datumer fannt der hei!
Niewent dem ikonesche Gittarist Angus Young, dee jo dofir bekannt ass, an enger Schoul-Uniform ze spillen, an dem laangjärege Sänger Brian Johnson, wäert och de Stevie Young op der Gittar dobäi sinn, deen jo de verstuerwene Member Malcolm Young ersetzt. Nei bei der Band ass de fréiere Bassist vun Jane's Addiction, de Chris Chaney, sou wéi de Batteur Matt Laug, dee schonn zejoert mat AC/DC opgetrueden ass.