Vum 3. bis de 6. September ass erëm den Aerowaves Dance Festival. Organiséiert gëtt dësen an Zesummenaarbecht mat TROIS C-L¦Maison pour la danse.

Zanter 1996 bitt d’Plattform Aerowaves jonke Choreographen d’Méiglechkeet, hir Kreatiounen op verschiddenen europäesche Bünen ze presentéieren. All zwee Joer verwandelt sech och Lëtzebuerg wärend e puer Deeg an e Lieu fir modernen Danz. Esou och erëm dëst Joer. Véier Deeg laang kritt een op zwou verschiddene Plazen - der Abtei Neimënster an der Banannefabrik - gewisen, wat d’Welt vun der Choreographie alles ze bidden huet. Vu Soloen iwwer Duetter bis hin zu gréisseren Ensembel-Stécker ass beim Aerowaves Dance Festival alles dobäi.

Dës Editioun zielt ausserdeem op eng grouss Lëtzebuerger Presenz. Nieft Kënschtler aus Frankräich, Spuenien, Griicheland, dem Libanon, dem Iran an Angola stinn och d’Lëtzebuerger Sarah Baltzinger, Isaiah Wilson, William Cardoso a Louis Steinmetz op der Bün.

Um éischten Owend, dem 3. September, kritt een an der Banannefabrik en Duett mam Titel BORN BY THE SEA mam jonken Dänzer Louis Steinmetz ze gesinn. Hei geet et ëm zwee Mënschen, déi sech begéinen a sech géigesäiteg mat hiren Erliefnisser aus der Vergaangenheet beaflossen.

Den Dag drop, an der Abtei Neimënster, weist den Isaiah Wilson, deen och dëst Joer um Fringe Festival zu Edinburgh opgetrueden ass, zesumme mam Sarah Baltzinger d’Stéck MEGASTRUCTURE. Heibäi versichen d’Kënschtler dat traditionellt Format vun Theater an Danz ze duerchbriechen.

De 6. September kann een dann nach Baby mam William Cardoso an der Banannefabrik entdecken. Dës Choreographie setzt sech mat der Dualitéit vum Kierper auserneen a stellt d’Fro, wéi een an engem Kierper liewe kann, an deem déi ënnerlech Stëmm déi ganz Plaz anhëlt.

Natierlech huet den Aerowaves Dance Festival nieft de Lëtzebuerger Optrëtter och nach vill aner Choreographien ze bidden. Weider Informatiounen iwwert de Festival, Zäiten an Tickete fannt Dir op www.neimenster.lu/culture/ oder www.aerowaves.org.