Lëtzebuerger Schauspiller Olivier Delvaux geschwënn nees um däitsche Fernsee ze gesinn
© Olivier Delvaux
De Lëtzebuerger Schauspiller Olivier Delvaux ass geschwënn méi dacks am däitsche Fernsee ze gesinn, dat mat enger Haaptroll an der Sat.1-Doku-Serie "Notruf" a bei enger Challenge mam Komiker Chris Tall op ProSieben.
De Lëtzebuerger Schauspiller Olivier Delvaux ass deemnächst nees méi dacks op dem däitsche Fernsee ze gesinn, ugefaange mat enger Episod vun der bekannter Doku-Serie "Notruf" op Sat.1. Hei iwwerhëlt hien d'Haaptroll an engem Fall, wou e Mann an engem Bësch gefall ass, an op enger schwéier zougänglecher Plaz fest souz.
Och wann den Tournage ganzer 12 Stonne gedauert huet, gëtt d'Geschicht an der Episod an ongeféier 30 Minutten erzielt. D'Episod leeft Méindeg den 3. November déi éischte Kéier um Fernsee.
Den Oliver Delvaux hat schonn am Mee 2025 eng Kéier bei "Notruf" matgespillt, hei hat hien awer méi eng kleng Roll an huet en Drogenofhängegen verkierpert.
E ganz aneren Optrëtt vum Olivier Delvaux gëtt et dann op ProSieben. Hei wäert een hien zesumme mam Däitsche Komiker Chris Tall gesinn, mat deem hie fir eng Challenge zesummen am Auto souz.
"Net geplangt, net gescript, an op mengem fräien Dag duerft ech mam Chris Tall eng Aventure par excellence erliewen", sou den Olivier Delvaux iwwert dee spontanen Tournage. Ob den Duo den Challgenge, fënnef Länner a fënnef Stonnen ze bereese gepackt huet, fannt Dir den 12. November raus.
Den däitsche Komiker Chris Tall, mat deem den Olivier Delvaux wäert zesummen op ProSieben ze gesi sinn. / © Photo by MARTEN RONNEBURG / NURPHOTO / NURPHOTO VIA AFP
Lëtzebuerger Asaz beim "Tatort"
Den Olivier Delvaux ass awer net just als Schauspiller, mee och als Vermëttler täteg. Well fir eng Episod vun der Kult-Serie "Tatort" e jonke Vëlosfuerer gesicht gouf, dee Franséisch schwätze kann, huet sech eng Münchener Casting-Agence un de Lëtzebuerger gewant, dee selwer am Vëlossport aktiv ass.
Sou wäert dann elo de 14 Joer jonke Louis Baustert vum La Pédale 07 Schëffleng an enger Episod mat der Ermëttlerin Lena Odenthal, gespillt vun der Ulrike Folkerts, virkommen. Hien huet sech géint zwee weider Kandidaten duerchgesat, huet awer missen eng sëllegen Autorisatioune kréien, fir a sou jonkem Alter kënnen an Däitschland ze schaffen.
Gewosst ass ewell, dass et sech beim Asaz vum jonke Lëtzebuerger soll ëm eng Schlësselzeen an der Episod handelen. Ze gesinn ass den "Tatort" wéi gewinnt um ARD, d'Episod mam Louis Baustert leeft den 9. November.