D'Kultur-Emissioun op der Tëlee, mam Zil d'Villsäitegkeet vun der Lëtzebuerger Kulturzeen ze presentéieren, ze vermëttelen an ze encadréieren.

Dës Woch am Passepartout, weise mir d'Julie Wagener an den Arny Schmit am Duebel-Portrait. Mir hunn den zwee Artiste konnten iwwer d'Schëller kucke bei hire Preparatiounen op hir Duo-Expo an der Galerie Reuter Bausch.    
An eiser neier Serie "Studio Stories" maachen d’Kënschtler eis d'Diere vun hiren Atelieren op. Optakt mécht de Massimo Savo mat sengem Atelier "essebi drum".
 
An der Konschthal leeft d'Expo "five hours, fifty days, fifty years". De belsche Kënschtler David Clärbout weist hei monumental Videoen.    

Am 5. an domat lrschten Episod vum "Presto" kucke mir op de Stellewäert an de finanzielle Wäert vun der Mona Lisa.  All d'Episode vu "Presto" fannt Dir op RTL Play.

"Passepartout": all Samschden um 19 Auer op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu, ma och am Replay an op RTL Play!