Ënner ronn 50 Projete goufen an der Kulturfabrik a sechs Kategorië sechs Gewënner vum Energie- an Tourismusminister Lex Delles präméiert.

Luxembourg Tourism Awards - d'Nominéiert
D'Nominéiert

Bei de Maisons d'hôte war dee Präis fir d'Gesellschaft MyQ, déi historesch Gebailechkeete renovéiert, wou da Leit dran iwwernuechte kënnen.

Luxembourg Tourism Awards - MyQ
Gewënner Maisons d'hôte: MyQ

An der Kategorie vun de Gemengen, déi sech am Tourismus auszeechnen, goung de Präis un d'Gemeng Schengen fir de lokale Musée an d'Schëff Marie-Astrid, wou d'historesch Enjeue vum Schengen-Raum dokumentéiert ginn.

Luxembourg Tourism Awards - Schengen
Gewënner an der Kategorie "Gemengen"

Da goufen zwee Benevoller fir hire besonneschen Asaz fir de lokalen Tourismus ausgezeechent:

De Fred Huet fir d'asbl BIHOB, déi de Bënzelter Baueren- an Traditiounenmusée "a Schiewisch" an d'Gromperefest an d'Liewe geruff huet.

Luxembourg Tourism Awards - Fred Huet
Gewënner an der Kategorie "Bénévole"

An och de Romain Kleer vun der asbl Kultur a Buergfrënn, dee sech zanter bal véier Joerzéngte fir d'Valoriséierung vum Useldenger Schlass an de lokale Patrimoine asetzt.

Luxembourg Tourism Awards - Romain Kleer
Gewënner an der Kategorie "Bénévole"