Den Hair-Stylist Andreas Wendt bréngt neie Wand an d'Coiffeur-Salonen, déi et néideg hunn.

Vum 17. September un, ëmmer Dënschdes ab 19h15 Auer, kënnt dir gespaant suivéieren, wéi den Andreas Wendt engem Coiffeur-Salon zu Rëmeleng nees neit Liewen anhaucht.

Zanter 2011 bedreift déi 28 Joer al Jessica Christnach dee Klenge Coiffeur-Salon „My Cut“ zu Rëmeleng, direkt nieft der Haaptstrooss. De Salon huet si mat Hëllef vu Frënn a Famill ëmgebaut an zimlech stylvoll dekoréiert.

Ufanks war d'Jessica nach alleng mat engem Léiermeedchen an d'Geschäft huet gerullt. Am Juli 2012 huet d'Jessica hire Salon ausgebaut an zousätzlecht Personat engagéiert. Domat sinn natierlech och d'Käschten an d'Luucht gaangen, den Ëmsaz dogéint ass net mat gewuess.

Ee Mount duerno, am August 2012, knapp 11 Méint no der Inauguratioun, huet de Staff sech kollektiv Congé geholl, sou datt de Salon nëmmen nach 12 Deeg, amplaz vu 24, seng Diere fir d'Clienten op hat. Mat däitlech manner Ëmsaz hunn elo déi komplett Käschte misste bezuelt ginn – eng wirtschaftlech Katastrof deemno fir de jonke Betrib.

Ma och d'Konkurrenz zu Rëmeleng schéngt net ze schlofen. An der direkter Noperschaft vum Salon „My Cut“ hu sech nieft de schonn etabléierte Coiffeur-Salone mat hire Stammclienten, no an no weider Coiffeuren installéiert. D'Jessica hat also wéineg Chancen, fir sech ënner Beweis ze stellen.

Mä wat ass et, dat e Coiffeur-Salon besonnesch a virun Allem anescht wéi déi aner mécht? E schéi presentéierte Raum ass nach laang net alles, wann et ëm Erfolleg geet. Wat ënnerhëlt den Andreas Wendt fir neie Wand an de Salon ze kréien a wou leien d'Problemer?

„Neie Wand mam Wendt“, déi nei Emissioun vum 17. September bis den 8. Oktober, all Dënschdeg ab 19h15 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - net ze verpassen!

Wann Dir den Andreas Wendt wëllt kontaktéieren, da schreift eng Mail op Wendt[at]rtl.lu