Um Dënschdeg am Nomëtteg sinn am Zentrum vun der Stad Esch sougenannten „Stolpersteng“ vum Kënschtler Gunter Demnig verluecht ginn.

Dës Aktioun déi vum Musée de la Résistance initiéiert gouf, soll un d'jiddesch Victimë vum Nationalsozialismus erënneren.

Dës insgesamt 14 Steng aus Messeng goufen an den Trottoire virun déi Wunnenge verschafft, wou Leit kuerz virun hirer Deportatioun, Flucht oder Festnahm gewunnt hunn.

De Kënschtler mécht dës Aktioun schonn zënter den 90er Joeren, a Lëtzebuerg ass weder seng éischt, nach seng lescht Statioun, sou de Frank Schroeder vum Musée de la Résistance.

An der Uelzechtstrooss, bei der Brillplaz, an der rue de Liberation an an der Avenue de la Gare sinn d'Steng plazéiert ginn. Dës Steng si lo mol an engem éischte Schratt fir déi jiddesch Affer geluecht ginn.

Eng ronn 42,500 Steng goufen op iwwer 1.000 Plazen an Europa verluecht. Um Mëttwoch de Moie war de Kënschtler iwwregens am hollännesche Maastricht, fir eng ähnlech Aktioun.