4 Bicher a 4 Kategorien ausgezeechent: Buchpräis 2009 geet un "Höhlen", "Todeswasser", "Top Secret 3" an d'Kannerbuch "Dem klenge Felix seng grouss Rees".

Um Donneschdegowend ëm 19 Auer war et esou wäit. Déi zweet Editioun vum Lëtzebuerger Buchpräis am neie, méi grousse Kader ass ugaang.

20 Bicher aus de Kategorië Kannerbuch, Literatur, Sachbuch a Beaux Livres waren am Rennen.

Nieft dem Marco Schank, dee mat sengem Krimi "Todeswasser" (Op de Lay) an der Kategorie Literatur gewonn huet, sinn nach 3 aner Persoune präméiert ginn.

An der Kategorie Beaux Livres gëtt, wéi den Numm et scho seet, dat Buch mat de schéinste Fotoen oder Biller gewielt. An de Gewënner ass "Höhlen - Luxemburgs geheimnisvolle Unterwelt" (Editions Schortgen) vum Groupe spéléologique luxembourgeois. De Jérôme Kohnen krut de Präis iwwerecht.

D'Kategorie Sachbuch war mat 6 Bicher vertratt. Gléckleche Gewënner war hei d'Buch "Top Secret 3 - Auch das ist Luxembourg!" (éditions saint-paul). Doranner gi Plazen aus dem Lëtzebuerger Land beschriwwen a gewisen, déi ee villäicht ouni dat Buch ni entdeckt hätt. Auteure sinn de Marc Wilwert (Fotoen) an de Luc Marteling, de Marc Thill an de Claude Feyereisen (Texter). Hire Band 1 hat deen nämmlechte Präis ewell am Joer 2007 an hire Band 2 am Joer 2008 kritt.

Bei de Kannerbicher huet d'Renée Weber mat hirem Buch "Dem klenge Felix seng grouss Rees" (Op der Lay) gewonn.

De Buchpräis 2009 war och den Optakt vun de 15. Walfer Bicherdeeg, bei deene sech de Samschdeg, 21. a Sonndeg, 22. November alles ëm Natur an Ëmwelt dréint.

VIDEO: De Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg