D'Equipe vun den "Trophées francophones du Cinéma" hunn zu Cannes déi selectionéiert Filmer ugekënnegt, dorënner ee Court-métrage an dräi Documentairen.

D'Documentairen, déi selectionéiert gi sinn, sinn: "Cello Tales" vum Anne Schiltz, zesumme mat Samsa Film, "Naked Opera" vum Angela Christlieb, produzéiert vun Amour Fou an "Never die young" vum Pol Cruchten.
Weider gouf och nach de Court-métrage "22:22" vum Julien Becker ausgewielt.

Dobäi sinn awer och nach zwou Lëtzebuerger Co-Produktioune selectionéiert ginn: "Ernest et Célestine" an "Tango libre".

D'"Trophées francophones du Cinéma" si vum 5. bis de 15. Oktober 2014 zu Dakar.
All Informatioune fannt Dir op hirem Site.