E Méindeg hunn Terrassementsaarbechte fir déi nei Nationalbibliothéik um Bricherhaff um Kierchbierg ugefangen. - De Reportage vun RTL Télé Lëtzebuerg.

Op annerhallwem Hektar soll hei an den nächsten Joren e Gebai entstoen, dat op engem Site all Depôten an all Servicer vun dëser Institutioun regruppéiert. Et soll eng Infrastruktur ginn, an där eng 300.000 Dokumenter dem Public direkt sollen accessibel gemaach ginn.

De Käschtepunkt fir de Bau an d’Equipementer läit bei 112 Milliounen Euro. Dat ass e Präis vun engem Lycée haut, huet d'Directrice vun der Nationalbibliothéik Monique Kieffer am Gespréich mat RTL Télé Lëtzebuerg erkläert. Securiséiert Lagere fir de Stockage vu wäertvolle Manuskripter, klimatiséiert Reim, sécher An- an Ausgäng, dat gehéiert zu enger moderner Nationalbibliothéik. An alles dat hätt hire Präis.

D’Nationalbibliothéik gesäit d'Monique Kieffer als wichtege Bestanddeel vun enger moderner Wëssensgesellschaft. Bis zu 600 Entréeën den Dag zielt d’Nationalbibliothéik an der Stad an iwwer 12.000 Leit sinn ageschriwwen. Déi mussen awer nach e bësse Gedold hunn, bis si an déi nei Raimlechkeeten um Kierchbierg kënne goen. Fir déi komplex Infrastruktur gëtt mat enger Bauzäit vun 4 an engem hallwe Joer gerechent, sou dass d'Diere vun der neier Nationalbibliothéik fréistens 2018 wäerten opgoen.

VIDEO: Nei Nationalbibliothéik am Bau!
Haut hunn Aarbechten un der neier Nationalbibliothéik um Bricherhaff um Kierchbierg ugefangen.Bis 2018 soll d'Gebai fäerdeg sinn.