Ee Fan vun der britescher Heavy-Metal-Band Motörhead huet, laut der Diagnos vun däitschen Dokteren, nom "Headbanging" geféierlech Gehirbluddunge kritt.

De Mann vu 50 Joer hat ëmmer méi staark de Kapp wéi an huet dunn de Rot vun Doktere gesicht. D'Neurochirurge vun der "Medizinischen Hochschule Hannover" hunn een Hämatom entdeckt, 4 Wochen nodeems hien op engem Concert war.

Hien hat eng "Subduralbluddung" zwëschent der Hirnhaut an dem Gehir, wat dacks no engem Schädel-Hirn-Trauma passéiere géif. Dat ass meeschtens net geféierlech, mä Wochen nom Schock kann et nach zu enger Bluddung am Gehir kommen.

Bei Recherche vun ähnleche Fäll hunn d'Doktere vun dräi Beispiller fonnt, bei deenen och den Headbanging Schold un der Bluddung war, ee vun de Leit wier souguer doru gestuerwen. Den Dokter Ariyan Pirayesh Islamian hëllt un, dass et eng Donkelziffer gëtt, bei där d'Hämatomen dacks net géifen entdeckt ginn an d'Symptomer no enger gewësser Zäit vum selwe géife fort goen.

De Mann aus Hannover konnt no aacht Deeg an der Klinik och nees goen. Ob hien zanterhier nees op engem Motörhead-Concert war, ass net bekannt.