D'Asbl. "Op Schéimerech" presentéiert an enger Zeltstad op deem historesche Site d'Resultater vun hirem Concours fir Cabaretstexter.

No 7 Fräiliichtspektakelen um historesche Site "Op Schéimerech" zu Kielen, all aus der Fieder an all ënnert der Regie vum Jemp Schuster, huet d'Asbl. "Op Schéimerech" decidéiert, dëst Joer en neie Projet op d'Been ze setzen: Déi éischt Kabaräsdeeg op Schéimerech an der Zeltstad vum 23. bis den 26. Juli 2014.

AUDIO: Déi 1. Kabaräsdeeg op Schéimerech: Radio-Reportage (22.7.).

Enn 2013 hat d'Asbl. dofir e Concours fir Cabaretstexter lancéiert. Ënner 53 Texter, déi fir de Concours erakoumen, huet en onofhängege Jury (Monique Melsen, Clod Thommes, Georges Hausemer, Christiane Kremer, Guy Scholtes) 18 Texter ausgewielt an dobäi och den 1. Präis (1.000 Euro, presentéiert vum Kulturministère) an den 2. Präis (500 Euro, presentéiert vun der Gemeng Kielen) festgeluecht. D'Membere vum Jury hunn d'Decisioun eleng op Grond vun den Texter geholl. D'Nimm vun den Laureate si kengem bekannt, och net dem Jury, a si ginn eréischt de 26. Juli owes no der leschter Virstellung offiziell presentéiert.

All Owend wielt de Publikum och e Publikumspräis am Wäert vun 100 Euro.

De Jemp Schuster (Regie) an de Paul Pepin (Musek) hunn d'Texter fir d'Bühn adaptéiert. Et spillen iwwer 30 Acteure vun der Asbl. "Op Schéimerech".

RTL

"Op Schéimerech" vun uewen.

D'Virstellunge sinn owes um 20.30 Auer am Zelt op Schéimerech, vun 19 Auer un ass de Site op a proposéiert Iessen an Drénken matten am herrlechen Naturkader vu Schéimerech.

Weider Infoen a Reservatiounen op www.opscheimerech.lu oder um Telefon 661 166 660 (tëscht 19 an 21 Auer).

Entrée: 15 Euro (10 Euro fir Kanner a Studenten).

RTL