Jean vu Lëtzebuerg: Hannert d'Kulisse vum Film
RTL huet e groussen Documentaire iwwert de Grand-Duc Jean realiséiert. Mir weisen Iech éischt Biller aus dem Film an huelen Iech mat a seng Kulissen.
De ganze Film gëtt e Sonndegowend an 2 Deeler op RTL Télé Lëtzebuerg gewisen. Deel 1 um 18.30 Auer an Deel 2 um 20.15 Auer. Um 22.00 Auer da gëtt de Film nachemol ganz gewisen.
Eng weider Redifussioun ass e Méindegowend 3. November um 20.00 Auer um 2ten RTL.
Am Kader vun der Sortie vum Film organiséiert den CNA zu Diddeleng awer och 3 speziell Projektiounen. Den Documentaire gëtt den 30. Oktober, den 31. Oktober an den 1. November um 19.00 am CinéStarlight gewisen.
De 5. November kënnt dann och d'Buch vum Stéphane Bern eraus, zu deem natierlech och d'DVD vum Film gehéiert.