Et war rammelvoll am ausverkaafte Sall vu 1.500 Plazen, fir den David Garrett an de Julien Quentin an der Philharmonie ze gesinn.

Gespillt gouf de ganze Repertoire vun der "Timeless"-Tournee 2015 a souguer nom Concert nach 5 Zugaben, mat bekannte Lidder, wéi "Csardas", déi d'Leit aus de Still gerappt hunn.

Dono goufen et och Autogrammen, wou bal 100 Leit Schlaang stoungen, fir eng Ënnerschreift ze kréien.