D'Leit zum Nodenke bréngen: dat ass d'Haaptuleies vum Kënschtlerkollektiv „richtung22“.

Mat bëssegem Witz, engem gudde Koup Ironie a vill Sarkasmus hëlt sech d'Grupp aktuellen Themen aus Politik a Gesellschaft un a verschafft si a Filmer an Theaterstécker. Zanter 2010 kënnt esou all Joer kënnt ee Film an en Theaterstéck eraus an déi solle provozéieren, seet Gabrielle Taillefert, Member vu „richtung22“. Provozéieren an deem Sënn, dass d'Spectateure sollen animéiert ginn Strukturen och emol ze hannerfroen. Nieft Film an Theater huet d'Kënschtlerkollektiv awer och dat ganzt Joer iwwer aner Projeten um lafen, Ben Eich.

Den neiste Projet ass de Film „Staatsgeheimnis“, dee sech mat der Verfassung ausernee setzt. D'Gabrielle Taillefert erklärt d'Approche. De Film, deen aus 8 Deeler besteet, traitéiert z.B. d'Monarchie als en Deel vun der Konstitutioun. Si gëtt als ee Raum duergestallt, an deem de Grand-Duc an der Bidden ënner anerem iwwert säi Liewen nodenkt. Hei en Extrait. Natierlech kënnt och d'Bommeleeër-Affär net ze kuerz.

D'Kollektiv probéiert dobäi kënschtleresch a finanziell sou onofhängeg wéi méiglech ze sinn, ma dat bréng nieft de Virdeeler natierlech och e ganze Koup Problemer mat sech. D'Projeten, de Film sou wéi all aner Informatioune fannt dir op richtung22.org.

AUDIO: Richtung22/Reportage Ben Eich