Am Musée Dräi Eechelen war e Mëttwoch den Owend déi feierlech Ouverture vun der Ausstellung "D’Grenze vun der Onofhängegkeet".

Et geet, wéi de Numm et verréit, ëm d’Grënnung vu Lëtzebuerg, an de Wee bei d’Onofhängegkeet vum Grand-Duché.

D’Ausstellung konzentréiert sech op den Ufank vum 19. Jorhonnert, a stellt de Wiener Kongress an de Mëttelpunkt, a méi genee den Dag vum 9. Juni 1815, op deem de Acte Final vum Wiener Kongress ënnerschriwwe ginn ass. Am Musée läit, geléint aus de Nationalarchive vu Lissabon, elo d’Original-Manuskript, dat, sou de Conservateur vum Musée Dräi Eechelen, François Reinert, de Grondsteen geluecht huet, fir d’Onofhängegkeet vun Lëtzebuerg.

AUDIO: De François Reinert

Fir déi feierlech Ouverture vun dëser Ausstellung huet den Dirigent vun der Maîtrise vun der Kathedral, Marc Dostert, mat engem Kouer vu 16 Leit, déi éischt Lëtzebuerger Nationalhymne eng éischte Kéier interpretéiert, déi heescht « La Luxembourgeoise » an ass am Joer 1832 vum François van Campenhout komponéiert ginn, dee jo och d’Brabançonne a Noute bruecht huet.

AUDIO: Extrait aus "La Luxembourgeoise"