De Sonndeg den Owend war den Optakt vun de Beefort Rock Classics an den éischten Dag stoung d'Beeforter Schlass am Zeeche vum Metal ...

Och wann et am Ufank bei der schwedescher Band "Bloodbound" nach ee bësse gereent huet, hunn d'Metalheads bewisen, dass se net aus Zocker sinn an hu sech doduerch Stëmmung net huelen gelooss. Lues an lues huet de Reen dunn nogelooss, wéi déi saarlännesch Power Metal Band "Powerwolf" ugefaangen huet. Wahrscheinlech hat dem Attila Dorn säi Weirauch dozou bäigedroen, den Péitruss gnädeg ze stëmmen.

Zu gudder Lescht sinn dunn d'Schwede vu Sabaton zu Beefort amarschéiert an hunn d'Schlass besat.

Alles an allem e ganz gelongenen Optakt vun de Beefort Rock Classics.

© Schluck