Den neie Programm vum Theatre du Centaure gouf e Freideg virgestallt, an domat och déi nei Equipe ënnert der artistescher Direktioun vum Myriam Muller.

Et huet esou munches changéiert, ma et bleift een der aler Philosophie vum Theater awer trei.

Déi nei Saison vum Théâtre du Centaure huet net nëmme mam Pierre Rauchs en neie President, ma déi laangjäreg Positioun vun der Direktesch Marja-Leena Junker huet elo d'Myriam Muller iwwerholl. De Jules Werner bleift Directeur administrif an d'Sophie Langevin gëtt Generalsekretärin.

D'Format an de Prinzip vum Programm hunn eigentlech net vill changéiert, ma déi nei Direktesch wollt schonn ëmmer, "datt den Theater eng richteg visuell Identitéit kritt".

Dës Saison sinn et 5 nei Kreatiounen an op 5 groussen Affichë gesäit een elo déi verschidde Schauspiller, déi engem Loscht solle maachen, se an den Theater kucken ze goen an erauszefannen, wéi eng Geschichte se eis ziele wëllen. D'Myriam Muller hat Ufanks net ganz vill Propositioune fir de Programm an huet ugefaangen, al Bicher erëm erauszezéien an och éischter als Produzentin ze schaffen.

AUDIO: Extrait Myriam Muller

Wéi den Zoufall et wëll, ass direkt dat éischt Stéck vun der neier Saison eng Kreatioun vun der aler Direktesch. D'Marja-Leena Junker erkläert, ëm wat "Une liaison pornographique" geet.

AUDIO: Extrait Marja-Leena Juncker

D'Myriam Muller inszenéiert dës Saison och selwer, an dat direkt 2 Mol: "Oncle Vania" mam Francesco Mormino Enn des Joers a "Love & Money" vum Dennis Kelley.

D'Sophie Langevin huet hirersäits "Illusions" gewielt, e modernt Stéck vum russeschen Auteur Yvan Viripaec iwwer d'Gefiller, déi een deelt ... oder net.

Fir déi 5. Kreatioun vun dëser Saison, "Cet enfant" inszenéiert vum Marion Poppenborg, steet de Casting nach net fest. Geschwë gëtt dofir en Opruff lancéiert.

Um Programm stinn och eng Partie Collaboratiounen.

Den 22. November dréit sech de ganzen Dag an der Bannanefabrik alles ëm Spuenien bei engem literaresche Brunch am Kader vum Projet "Textes sans frontière".

De 7. Januar, ee Joer nom Attentat op Charlie Hebdo, gëtt d'Stéck "Liberté - Mehr als nur Gedankenfreiheit" opgefouert - e speziellen Datum, fir dee sech 3 kleng Theateren zesummegedoen hunn, de Kasemattentheater, den TOL an eben den Théâtre du Centaure.

Am Februar geet de "Misanthrope" op Tournée mat Opféierungen zu Mamer am Kinneksbond an zu Nidderaanwen am Kulturhaus.

Eng weider Collaboratioun ass eng mat de Stater Theateren: TalentLAB ... e ganz neie Projet, deen den Tom Leick an d'Myriam Muller hoffen, iwwer vill Jore kënne weiderzeféieren. Et handelt sech ëm eng nei Plattform, fir nei Talenter ze fannen an ze guidéieren. Etabléiert Artiste sollen hei Jonker encadréieren an hinnen erméiglechen, Maquetten ze creéieren.

Annoncéiert gouf iwwregens och, datt "La Parure", eng Koproduktioun mat der Compagnie Ghislain Roussel, fir de Festival d'Avignon OFF 2016 selectionéiert ass, fir Lëtzebuerg do ze representéieren.

Punkto Finanze gouf präziséiert, dass den Theater d'lescht Joer 145.800 Euro Finanzhëllef krut, 93.300 vum Kulturministère, 17.500 vum Focuna, 35.000 vun der Stad Lëtzebuerg. De Gesamtbuget louch awer bei 333.000 Euro, dorënner alleng 205.000 Euro fir d'Cacheten. D'Differenz gouf mat vill Engagement vun der benevoler Equipe duerch Recetten an Donen kompenséiert.

Méi iwwert d'Programmatioun 2015/2016 fannt Dir op deem ganz neien Internetsite www.theatrecentaure.lu