1535 Grad Celsius ass net nëmmen d'Fusiounstemperatur vum Eisen, ma och den Numm vun engem eenzegaartege Projet hei zu Lëtzebuerg

D'Gemeng Déifferdeng huet aus alen ArcelorMittal-Halen Raimlechkeeten fir de Beräich vun der Kreativitéit geschaf.

Um Freideg den Owend ass d'Gebai A offiziell ageweit ginn a Präsenz vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel an de Ministere Meisch a Schneide. De ganze Weekend iwwer stinn d'Diere vum Kreativzentrum fir de Public op.

Um Site vum 1535 ° zu Déifferdeng stoungen 3 al Industrie-Gebaier eidel, déi Arcelor Mittal fir 30 Joer un d'Gemeng verlount huet. D'Iddi war de Patrimoine ze erhalen an awer an engems nei Weeër ze goen, andeems een nei Plazen an der Kreativitéit schaaft. Jiddereen, deen e Raum fir ze schaffe krut, huet missen am kreative Beräich täteg a professionell sinn. D'Ufro war immens grouss.

De Projet soll weisen, datt och am kreative Beräich nohalteg Aarbechtsplazen geschaf kënne ginn.

Um Freideg war bis 22 Auer op, duerno war Opening Party an der "Schräinerei".

E Samschden an e Sonnden kann een vun moies 11 bis owes 19 Auer u verschidden Atelieren a Workshopen deelhuelen. All d'Informatiounen an de komplette Programm fannt dir ënnert www.1535.lu

RTL