Um Donneschdeg den Owend war en ausseruerdentleche Kongress. De Jeannot Clement ass net méi am Exekutivbüro.

D'Ugda huet eng nei Spëtzt. Um ausseruerdentleche Kongress vun der Union Grand-Duc Adolphe, ass d'Martine Deprez als nei Presidentin gewielt ginn. Mam Gilbert Girsch, Robert Köller an André Heinen goufen 3 vun de 4 Memberen vum Exekutivbüro, déi wéinst Divergenzen mam Generalsekretär zeréckgetruede waren, erëmgewielt.

Nei am Büro ass de Robert Mamer, deen de Poste vum 1. Vize-President iwwerhëlt.

De Jeannot Clement konnt net gewielt ginn well entgéint Fuerderunge vun Aneren, wéi dem Louis Karmeyer, hien net zeréckgetruede war. Hie bleift weiderhi Member vum Zentralkomitee. De  laangjärege President Louis Karmeyer hat sech net méi opgesat.

Alles an allem waren en Donneschdeg den Owend am Centre Barblé 209 vun den am ganzen 309 Veräiner vun der Ugda um Kongress vertrueden.

Zu Stroossen gouf et dann en Accord, datt d'Statute vun der Union Grand-Duc Adolphe dréngend misste geännert ginn.

AUDIO: Ugda / De Reportage vum Annick Goerens