Wéi net anescht z'erwaarden, hat och RTL op dësem 1. Abrëll en Abrëllsgeck op Lager. Et goufen also keng "nei Kasematte" fonnt.

Hei d'Opléisung vum Abrëllsgeck:

AUDIO: Opléisung Abrëllsgeck
AUDIO: Opléisung Abrëllsgeck 2

Um Freideg de Moie war et dës Nouvelle, déi eng ganz Partie Leit dozou beweegt hat, bei eis unzeruffen.

Nodeems virun 3 Wochen an der Stad d'Strooss agesackt war, goufen ënnerierdesch Stabilisatiounsaarbechte gemaach. Dobäi gouf e weideren Deel vun de Kasematte fonnt. D'Experte waren e bëssen drop gefaasst, mä datt et elo esou komm ass, dat huet se dach awer iwwerrascht, seet den Archäolog a Festungsspezialist Robert Wagner.

Et war theoretesch bekannt, datt et e ganz laange Kasemattengank, e Verbindungsgank gouf gouf tëschent dem Bockfiels an de Reduitsën am Parc. Mä wou genee dee Gank gelaf ass, dat wosst ee net. Wéi du virun e puer Wochen d'Strooss agesackt ass um Boulevard Royal, du waren d'Archäologen schonns um Qui-vive a wéi dunn elo um Royal Hamilius eng Baggerschapp ënnerierdesch e Loftlach gerass huet, du war déi kleng Sensatioun perfekt: de Gank war fonnt.

De Spezialist huet sech manner gewonnert: Bon hei hate mer déi grouss Chance, dass mer an der Vergaangenheet, wéi den Institut de Technologie nach bestanen huet, do sinn eng Rei vun Diplomaarbechte gemaach gi vu Studenten, an zwar fir ënnerierdesch déi Anlagen komplett opzehuelen. Dat heescht mir hunn eng komplett Levée vun deenen ënnerierdesche Kasematten hei. Dat war natierlech e risege Virdeel vis-à-vis vun anere Sitten, wou een oftmols Bauprojeten huet a wou een dann awer net weess, wat ënnendrënner läit.

Just datt op där Levée bis ewell eppes gefehlt huet, vun deem ee wosst, datt et et misst ginn. Et waren nämlech d'Éisterräicher, déi sech no 1735 plazeweis eng 40 Meter déif an de Sandsteen gewullt haten an och eben dee Verbindungsgank duerch de Fiels geschloen haten. An an den Archiven zu Wien konnt een dat studéieren, just, just, sur place hat bis ewell keen eppes fonnt. Dat huet sech elo geännert; de Spezialist freet sech iwwer all Detail.

"Hei ass en intressanten Eck, well mer do eigentlech nach d'Iwwerreschter hu vun originalen éisträichesche Schachten."

Alles schéin a gutt, mä wéi geet et elo weider?

"D'Iwwerrechter, déi ginn elo fräigeluecht sou wäit wéi mer se hei hunn. Do bleiwen déi Maueren, déi ginn opgeholl a si bleiwen och erhalen. Si gi mat an de ganze Projet mat integréiert."

Dat alles ass elo net gutt fir de Chantier um Hamilius. Dee kritt elo Retard. Mä herno huet d'FNAC e Fëllement, op dat kee gefaasst war.

No där Decouverte invitéieren d'Frënn vun der Festungsgeschicht e Samschdeg de Moien um 10h00 op eng éischte Visite guidée op de Chantier vum Royal Hamilius. D'Plaze ware limitéiert an domat um Freidegmoien um 9h30 schonn all verginn. Et gëtt no aneren Datumer gesicht, wou een eng nächst Visite organiséiere kann, sou d'Frënn vun der Festungsgeschicht.

AUDIO: Kasemattegank/Reportage Nico Graf